E Méindeg war et d'Suite vun de Commemoratiounsfeiere fir de 75. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv.

D'Nancy Pelosi war bis e Méindeg den Owend zu Besuch am Grand-Duché. D'Demokratesch Presidentin vum US-amerikanesche Representantenhaus war e Sonndeg op Visitt am Palais an, an der Chamber fir un de 75. Joresdag vun der Ardennenoffensiv ze gedenken.

Nancy Pelosi zu Lëtzebuerg/Visitt resuméiert vum Tim Morizet

D'Cheffin vun den Demokrate stoung rezent vill an der Ëffentlechkeet wéinst der Impeachment-Prozedur géint den US-President Donald Trump. Knaschteg Wäsch, déi een Doheem géif traitéieren an net an Europa wéilt kommentéiert, huet et de Weekend geheescht. D'Ardennenoffensiv hätt hir Tracen och haut nach, esou d'Demokratin e Samschdeg bei engem Interview vun der belscher Tëlee-Chaîne rtbf.

"Et ass och perséinlech. Vill vun de Familljemembere vun eiser Delegatioun hunn am Zweete Weltkrich an och an den Ardenne gekämpft. Vill vun eis hu Connectioune mat dëser Regioun."

Den 75. Anniversaire am Resumé

Nieft der grousser Zeremonie um amerikanesche Militärkierfecht zu Hamm gouf um Schumannseck bei Wolz un d'Evenementer vu viru 75 Joer erënnert, dat a Präsenz vum Ierfgroussherzog Guillaume, dem Chamberpresident Fernand Etgen, de Ministere Romain Schneider a Marc Hansen esou wéi US-Vertrieder.

75 Joer Ardennenoffensiv (Schumannseck)
E Méindeg war et d'Suite vun de Commemoratiounsfeiere fir de 75. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv.

Déi 26. US Infanterie Divisioun war am Dezember 1944 op hirem Wee a Richtung Belsch, wéi se op der Kräizung Schumann op däitsch Truppe getraff ass.

Et koum zu engem sougenannte Stellungskrich, dee Woche sollt daueren an deen als eent vun de mäerdereschste Kapitele vun der Ardennenoffensiv an d'Geschicht sollt agoen.

Op enger Frontlinn vu 5 Kilometer si 4.000 Leit ëmkomm oder gëllen nach ëmmer als vermësst. 1994 gouf d'Gedenkmonument um Schumann ageweit. Zënter 2004 gëtt et op där Plaz och de „Sentier du Souvenir“. Bei der Zeremonie gouf rappelléiert, wéi wichteg datt et ass fir net ze vergiessen.

Zeremonie zu Hamm / Rep. Dany Rasque (17.12.19)

Ma déi traditionell Gedenkkultur misst awer nei Weeër fannen. Et misst een déi nächst Generatioune méi mat abannen, sou d'Vetrieder vun der Asbl „National Liberation Memorial". An deem Sënn gouf de Kontakt mat Jonke gesicht: an dësem Fall mat Schüler aus dem Wëlzer Lycée. Si hunn – begleet vu Musek – hir Gedanken zu den Theme Krich, Flucht, Migratioun a Fridde matgedeelt.

RTL

Um 9.45 Auer hu sech Vertrieder aus Politik a Gesellschaft, dorënner och den Ierfgroussherzog Guillaume, um National Liberation Memorial verneigt. / © Domingos Oliveira / RTL

E Méindeg war nieft der Gedenkfeier um Schumannseck, wou un eng vun de bluddegste Schluechten op Lëtzebuerger Territoire mat eleng do iwwer 4.000 Affer war, och Commemoratiounsfeier um Militärkierfecht zu Hamm, wou de Generol Patton mat méi wéi 5.000 amerikaneschen Zaldote begruewe läit.

"Vun deenen Dausende jonke Männer a Fraen, déi wärend dem zweete Weltkrich gestuerwe sinn, woussten der vill mol net, wou mäi Land géif leien, mä si koumen, fir fir eis ze kämpfen, fir Wäerter, fir Demokratie, fir Fridden".

Dodrun huet de Staatsminister Xavier Bettel um Militärkierfecht zu Hamm erënnert.

D'Schluecht vun den Ardennen
E Méindeg war et d'Suite vun de Commemoratiounsfeiere fir de 75. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv.

Fotoe Schumannseck

Nieft dem Grand-Duc an dem Premier Xavier Bettel waren och déi belsch Kinnekskoppel, déi belsch Premierministesch, den US-amerikanesche Verdeedegungsminister Mark Esper, de fréieren däitsche Bundespresident Joachim Gauck, de polnesche President Andrzej Duda, genee wéi Vertrieder aus Frankräich, Kanada a Groussbritannien präsent.

Wärend der Zeremonie si Fligere vun der amerikanescher Arméi an den neie Lëtzebuerger Helikopter iwwert de Kierfecht geflunn.

Hei d'Archiv-Doku zu de 60 Joer Ardennenoffensiv op RTL Télé Lëtzebuerg

Dës Reportage gouf am Dezember 2004 vum Guy Weber realiséiert mat Temoignagë vun deemolegen Krichsveteranen an der historescher Beschreiwung vun der Schluecht.

Hei d'Archiv fir d'60 Joer Ardennenoffensiv
Aus dem Dezember 2004 vum Guy Weber.