D'Gemeng Déifferdeng huet een Terrain vun 1,2 Kilometer Carré op der franséischer Säit vun der Grenz an der Gemeng Saulnes kaaft.

Dat fir ze verhënneren, datt op der Plaz eng Mülldeponie kann installéiert ginn. Dat schreift um Samschdeg d'Wort.

Bis Enn Februar sollen d'Prozedure fir de Kaf vun 2,5 Milliounen Euro fäerdeg sinn. Den Terrain läit also op franséischer Säit tëscht Rodange an dem Roudenhaff zu Déifferdeng.

Wéi de Gemengesekretär vun Déifferdeng Henri Krecké dem Wort erkläert huet, hätt een wëlle verhënneren, datt mam Récktrëtt vun der Firma, déi do eng Deponie wollt opriichten, eng aner Entreprise dëse Plang hätt kënnen ëmsetzen.