Bei der Eecher Plaz solle 4 Haiser ofgerappt an aplaz eng 31 Wunnenge mat Commercen drënner gebaut ginn.

Kulturvandalismus bei der Eecher Plaz / Monica Camposeo

D’Erlabnis fir ofzerappen, läit scho laang um Dësch. Elo awer sinn déi Lénk op dësen Ensemble Haiser opmierksam ginn a fannen, e wier eventuell schützenswäert.

Dës 4 Haiser um Wupp vun der Millebaacher Strooss sollen ofgerappt ginn. Näischt aussergewéinleches kéint ee mengen. An dach sti se schonn zanter méi wéi 100 Joer quasi onverännert do, wéi dës al Postkaart dokumentéiert. Dat mécht se dach schützenswäert, fannen déi Lénk, déi vun engem Awunner op de Fall opmierksam gemaach goufen.

Guy FOETZ vun déi Lenk: Als Ensemble gesi mir eigentlech, dass et schützenswäert ass. Fir déi Leit, déi no eis kommen, dass déi och gesinn wéi deemools gebaut ass ginn. An et si jo awer trotzdem ganz schéin Haiser, wann déi renovéiert géife ginn, wär dat jo awer e flotten Ensembel.

En Ensembel, deen awer vu Sites et Monuments weder klasséiert, nach am Inventaire opgeholl gouf. An der tëscht goufen d’Haiser hei ronderëm d’Fënsteren schonn abiméiert. Fir déi Lénk e Fall vu Kultur-Vandalismus.

Majo wahrscheinlech fir e Fait accompli ze schafen, fir d’Leit ze decouragéieren nach iergend eppes z'ënnerhuelen. Dat war och um Lampertsbierg de Fall an der rue Jean L’Aveugle.

Hei hat d’Gemeng zejoert d’Geneemegung ginn, fir 4 eeler Haiser ofzerappen. Nodeem d’Lampertsbierger Geschichtsfrënn op d’Barrikade gaange waren, huet de Kulturministère sech ageschalt. D’Aarbechte sinn zanterhier gestoppt. D’Gebaier goufen an der Tëscht vu Sites et Monuments proposéiert fir klasséiert ze ginn. D’Affaire ass viru Geriicht. D’Virgoen um Lampertsbierg schmaacht der Stater Gemengemamm iwwerhaapt net.

Lydie POLFER – Buergermeeschtesch Stad Lëtzebuerg: Wat dat do bréngt, ass eng ganz grouss Onsécherheet. Well d’Sécherheet, déi läit am Klassement dee vum PAG ginn ass.

An un dee PAG vun 2017 hätt ee sech och fir d’Ofrëssgenehmegung vun den Haiser an der Millebaacher Strooss gehalen. Wéi dësen ausgeschafft gouf, hätt d’Gemeng méi wéi 8.000 Haiser a Gebaier, 1/3 vum ganze Bestand vun der Stad geschützt. Déi betraffen Haiser wieren, wéi schonn am viregte Plan Joly, och am PAG net als schützenswäert zréckbehale ginn.

Et ass elo net de Moment, fir dat do nei ze kucken. Am Oktober 2017 ass en definitiv ugeholl ginn. Nodeem mer 4 Joer laang wierklech mat all Mënsch an alle Quartiere geschafft hunn. A wéi gesot, hei ware keng Reklamatiounen, och net vu Sites et Monuments.

Déi Lénk iwwerdeems fuerderen scho méi laang, en Inventaire vun allen erhalenswäerten Haiser an der Gemeng Lëtzebuerg. Fir d’Buergermeeschtesch ass dëse schonn am PAG enthalen. Ausserdeem, esou de Guy Foetz -  sollte Leit entschiedegt ginn, déi hir Haiser net de Promoteuren iwwerloossen.

Déi Promoteure leeë jo ganz vill Suen op den Dësch. Wa Leit do sinn, déi lo d’accord sinn, fir hiert Haus net ofrappen ze loossen an net engem Promoteur ze verkafen, mee da misst do och mol d’Fro vun enger Entschädegung op den Dësch kommen.

D’Apdikt op der Eecher Plaz steet iwwregens och zanter e puer Méint eidel. D’Gebai soll ëmgebaut a a vergréissert ginn. Et ass awer zanter November vu Sites et Monuments klasséiert, muss just nach duerch de Regierungsrot. An der Regel eng Formsaach.

Schreiwes vun déi Lénk

Kulturvandalismus op der Eecher Plaz Op der Eecher Plaz ginn erëm Haiser ofgerappt. Eent dovu war nach virun e puer Joer komplett renoveiert ginn. De Promoteur huet genau wéi um Lampertsbierg als éischt d’Hasteng ronderëm d’Fënstere futti schloe gelooss, warscheinlech fir eventuell Denkmalschützer viru vollend Tatsaachen ze stellen.

Zesumme mat der schéiner aler Apdikt vis-à-vis, wou och nach net kloer ass, wat domat passéiert, forméieren déi Haiser en erhalenswäerten Ensemble, deen zanter dem Ufank vum leschte Joerhonnert net verännert gouf. Dat gesäit een op enger Postkaart vun 1904, déi um Facebook-Site “engpostkaartdendag” publizéiert gouf.

De kulturelle Vandalismus op der Eecher Plaz weist eemol méi, dass d’Stad Lëtzebuerg onbedéngt en Inventaire vun den erhalenswäerte Gebaier muss opstellen, sou wéi déi Lénk dat am Gemengerot ëmmer erëm fuerderen. Dofir sollen déi lokal Interesseveräiner, d’Geschichtsfrënn aus de Quartieren a natierlech de Service des sites et monuments nationaux mat erugezu ginn.  Geschitt dat net, wäert an deene nächste Joren d’Zerstéierung vum Patrimoine an eiser Stad nach méi séier weider goen.

Et muss ee leider fesstellen, dass déi blo-schwaarz Majoritéit am Gemengerot de Promoteure weiderhin schéngt fräi Hand ze loossen !

Lëtzebuerg, den 10. Januar 2020 – Kommunique vun déi Lénk Stad