De Ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse stellt all de Bierger gratis eng Landkaart zu Verfügung.

Eng Initiativ vum Ministère, déi et Schüler an Erwuessene méi einfach wëll maachen, fir déi franséisch a Lëtzebuerger Nimm mateneen z'associéieren. Nieft den Uertschafte sinn och d'Flëss op der Kaart ze fannen.

Den Interessi un dëse Landkaarten ass grouss. Bannent nëmme 24 Stonne goufe scho 6.000 Stéck bestallt. Ganz zefridde weist sech den Educatiounsminister Claude Meisch op Twitter a montert d'Awunner op, fläisseg weider ze bestellen. Et géingen Exemplairen nogedréckt ginn.

D'Schoulen an d'Lycéeë kruten d'Kaarte scho geschéckt, ma och Bierger, déi interesséiert sinn, kënnen dës beim Ministère bestellen, dat op http://edulink.lu/unpa.

Sämtlech Nimm fënnt een awer och am Lëtzebuerger Online Dictionnaire op lod.lu.

Datt den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch den Ament e sougenannten "Boom" erlieft, erkennt een och dorun, dass déi nei "Lëtzebuerger Orthografie" vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch schonn ëm 10.000 Mol bestallt gouf. Dat huet eis den LOD op Nofro hi gesot.

RTL

De Communiqué vum Ministère

Elo gratis ze bestellen: Landkaart mat lëtzebuergeschen a franséischen Uertsnimm (10.01.2020)

Communiqué par: ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la JeunesseËlwen / Troisvierges, Gehaansbierg / Mont Saint Jean, Larochette / Fiels ...: Dacks ginn et zwee verschidden Nimm fir déi selwecht Lokalitéit. Fir et de Kanner a Jugendleche méi einfach ze maachen, den offiziellen, meeschtens franséischen Numm mat dem lëtzebuergeschen Numm ze associéieren, huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Landkaart mat den Nimm vun den Uertschaften an de Flëss a béide Sproochen erausbruecht an un all Grondschoulen a Lyceeë geschéckt.

Dës zweesproocheg Landkaart ass natierlech och fir Erwuessener nëtzlech. Si kann dofir vu jidder Interesséierten am A2-Format gratis beim Ministère bestallt ginn. De Bestellformulaire fënnt een ënner http://edulink.lu/unpa.

Déi lëtzebuergesch Uertsnimm goufen vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, CPLL) festgehalen. Op cpll.lu fënnt een ausserdeem eng Lëscht mat den uechter d'Land geleefegen Nimm, déi op der Kaart publizéiert goufen, a mat deenen Nimm, déi eventuell éischter an den Uertschafte selwer benotzt ginn.