Et geet drëm, de Statut vun de Staatsbeamten esou unzepassen, dass de spezifesche Situatiounen, zum Beispill vu Schichtaarbecht bei Police oder Douane, ka Rechnung gedroe ginn. 17 Joer gouf schonn un esou enger Reegelung geschafft. Datt se elo endlech do ass, gesinn de Minister vun der Fonction publique Marc Hansen an de CGFP-President Romain Wolff als groussen Erfolleg.
Nächst Etapp wär et, den Accord gesetzlech ze verankeren. Den Text wëll de Minister bis den 1. Mäerz stoen hunn.