Reaktioun op de Waringo-RapportJonk Sozialiste fuerdere Referendum fir Monarchie oder Republik

RTL Lëtzebuerg
Déi jonk Sozialiste sinn der Meenung, dass déi ëffentlech a privat Finanze vum groussherzoglechen Haff kloer vunenee getrennt misste sinn.

Si wéilten am léifsten d’Bierger no hirer Meenung froen. An engem Referendum. Doriwwer, ob d’Matbierger léiwer bei der Monarchie constitutionnelle, wéi mir se de Moment zu Lëtzebuerg hunn, bleiwen oder ob d’Leit léiwer eng Republik hätten. Dat schreiwen déi jonk Sozialisten an engem Communiqué. Hirer Meenung no missten déi ëffentlech an privat Finanze vum groussherzoglechen Haff kloer vunenee getrennt sinn an d’Privatverméigen transparent besteiert ginn. Wéi et am Schreiwes vun de Jonke Sozialisten weider heescht, wéilt ee Persounen net opgrond vun hire "privilegiéierten Originne limitéieren, nach hir Fräiheet an d'Recht op Selbstbestëmmung beanträchtegen". Dofir wier d'Monarchie mat de moderne Wäerter an deem wat een ënnert Demokratie versteet net compatibel.

PDF: De Communiqué vun de jonke Sozialisten

Back to Top
CIM LOGO