Design for Change: Einfach Problemer léisen
Déi jonk Generatiounen notzen hir Stëmm ëmmer méi, fir och an der Politik eppes ze veränneren. D'Beweegung "Fridays For Future" ass do just ee Beispill.
Dat beleet elo och eng Etüd, déi op Initiativ vun der Banque de Luxembourg zesumme mat der "Chaire de Philantropie" vun der Héichschoul vu Léck (HEC) duerchgefouert gouf. Fir dësen Asaz vun deenen Jonken ze fërderen, ënnerstëtzt d'Banque de Luxembourg d'Fondatioun UP, déi elo och bei eis de Projet "Design for Change" wëll aféieren. D'Monica Camposeo huet sech dësen internationale Projet méi genee ugekuckt.
Bei der Etüd ass erauskomm, dass déi Jonk net nëmmen eng Verännerung wëllen ënnerstëtzen, mä si wëllen dës selwer beaflossen. Sech fir eng besser Zukunft asetzen, soll dann och net nëmmen an der Fräizäit geschéien. Fir de Philippe Depoorter vun der Banque de Luxembourg weist déi nei Etüd ganz kloer, dass d'Flexibilitéit fir déi Jonk och immens wichteg ass.
"Si sinn och der Meenung, dass och am Professionellen eng gewësse Kontinuitéit soll do sinn. Dat ass hinnen och ganz wichteg. Anerer soen, dass si sech punktuell wëllen engagéieren. Mä op anere Momenter iwwerhaapt net, dat heescht also eng gewësse Fräiheet. Dat si weesentlech Ännerunge par Rapport zu der traditioneller Philanthropie, wou et heescht, dass een eng Fondatioun oder e Mouvement grënnt an eppes op de Long terme mécht."

© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg
De Projet "Design for Change" vun der Fondatioun UP berécksiichtegt genee dës Punkten aus der Etüd. Dës international Method soll virun allem déi Jonk motivéieren, sech selwer z'engagéieren, fir e Problem ze léisen. Déi jonk Persoun soll doduerch erausfannen, wat si aktiv fir d'Gesellschaft bewierke kann, erkläert d'Liz Kremer-Rauchs vun der Fondatioun UP: "Dat éischt ass emol, et muss een dru gleewen, dass een eppes bewierke muss. Jidderee ka sech engagéieren a wann een dat emol weess a sech aktiv domadder auserneesetzt, dann huet een e Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach."

© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg
Am November 2019 a Januar 2020 gouf et scho Formatiounen. Duerno goufen an dräi Gruppe vu Kanner a Jonker éischt Projete lancéiert.
"Et ass eng positiv Haltung, déi d'Kand a senger Perséinlechkeetsentwécklung stäerkt. An Design for Change schafft op deene véier Kärkompetenzen an dat sinn déi 4 C'en: d'Kommunikatioun, d'Kollaboratioun, d'kritescht Denken an d'Kreativitéit. An all dat gëtt duerch déi Projeten Design for Change gestäerkt. An dat mécht, dass d'Kand oder de Jonken herno seet, dass en eppes kann an dass en och eppes bewierken a verännere kann. Dat ass e richtegt Empowerment, dat do geschitt."
"Design for Change" ass eng international Beweegung, déi viru ronn 20 Joer an Indien an d'Liewe geruff gouf. Eng 72 Länner a Regioune sinn scho mat dobäi. Elo soll de Projet dann och an de Lëtzebuergesche Schoulen applizéiert ginn