Am Laf vum spéide Mëttwochnomëtteg gouf an de Stater Quartiere Belair an Zéisseng agebrach.

An der Rue du Crécy um Belair sinn onbekannt Täter duerch eng Fënster an en Eefamilljenhaus erakomm an hunn eng Partie Zëmmeren duerchwullt. Ob a wat se matgoe gelooss hunn, ass net gewosst.

E weideren Abroch gouf et zu Zéisseng am Chemin de Roedgen. Iwwer d'Terrassendier konnten d'Brigange sech Zougang verschafen an hunn ënnert anerem Bijoue matgoe gelooss. A béide Fäll goufen d'Ermëttlungen opgeholl.