An der Nuecht op en Dënschdeg krut d'Police e Mann mat Blessuren am Gesiicht an der Rue Joseph Junck an de Stad gemellt.

Éischten Informatiounen no wier de Mann vun dräi Persounen ugeschwat an doropshin attackéiert ginn. D'Affer gouf op der Plaz versuergt a koum duerno fir déi weider Behandlung an d'Spidol.

Am Kader vun enger Enquête konnt d'Police no relativ kuerzer Zäit fënnef Persounen an engem Auto untreffen an als presuméiert Täter identifizéieren. Dës goufe fir eng Kontroll mat op de Policebüro geholl. Si goufe schliisslech op Uerder vum Parquet festgeholl an haten en Dënschdegnomëtteg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.