Och wa si et net ëmmer wëllen zouginn: D'Resultater vun der Sonndesfro vun ILRES loossen d'Politikerinnen a Politiker net kal.

Um Bord vun der Budgetspresentatioun e Mëttwoch de Moien an der Chamber huet de Pierre Jans d‘Deputéiert och op dëse Sondage ugeschwat. Wann nächste Sonndeg géif gewielt ginn, géif d'CSV net manner wéi 4 Sëtz an der Chamber verléieren. Si ass gréisste Verléierer an dësem Sondage an dat iwwerrascht den David Wagner vun déi Lénk guer net. 
 
"D‘CSV bezilt de Präis vun hirer katastrophaler Politik. Et huet ee bal den Androck, dass déi hei Koalitioun no zwee Joer esou midd ass, wéi déi viregt no 10. Dat huet domat ze dinn, dass déi Regierung eng Pensiounsreform wollt maachen, déi kee wollt ausser vläicht déi privat Assurancen an e klenge Milieu ronderëm de Luc Frieden." 

An dass d'CSV och de Sozialdialog an d'Wackele bruecht hätt. D'Sam Tanson vun déi gréng schléisst sech un:
 
"Dat ass vill dorop zeréckzeféieren, ewéi mat de Sozialpartner ëmgaange ginn ass. Et war awer bëssen eng Respektlosegkeet. Dat Optriede vun der gréisster Partei an der Regierung ass wuel ofgestrooft ginn." 

Dat géif de Fraktiounschef vun der CSV souguer och soen, well de Sondage genee an deem kriddelegen Zäitraum gemaach gouf, mam Ënnerscheed, dass de Marc Spautz d‘politesch Decisioune vun der Regierung gutt fënnt. 
 
"Do war virun allem dat vum Sozialdialog, dat vun der Rentereform a vum Avortement. Mat aneren Zuele fir eis war guer net ze rechnen, well do Decisioune geholl gi sinn, déi net jidderengem gefall hunn. Et ass elo un eis als Politik an als CSV do géigenzesteieren. Mir wëllen eng Sozialpolitik zesumme mat de Leit."
 
De Koalitiounspartner DP kënnt besser ewech an der Ëmfro. An e mécht weder d'CSV nach de Premier Frieden dofir responsabel, dass awer och kee Sëtz bäi gewonne gouf. De Fraktiounspresident Gilles Baum.
 
"Ech gesinn iwwerhaapt kee Grond fir ze soen, mir stéingen net hannert der Koalitioun. Mir sinn en Engagement agaangen iwwer fënnef Joer mat engem Premier Luc Frieden. Doru gëtt et iwwerhaapt näischt ze zweiwelen, dass mir déi Aarbecht konsequent wëlle viru maachen."
 
Souwuel d'LSAP wéi och d'ADR géifen direkt 2 Sëtz bäikréien. Déi rout Fraktiounscheffin Taina Bofferding an dann dee vun der ADR Fred Keup:
 
"Et ass e Support, dee mir do kréien an dat soll eis positiv stëmmen. Et ass awer och en Zeechen, dass d‘Leit net esou zefridde mat der Regierung sinn an dass si sech eppes anescht vum Premier Luc Frieden erhofft haten. Mä dat ass säi Problem", esou déi rout Fraktiounscheffin Taina Bofferding.

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup seet: "Et spiert een dobaussen, dass d‘Leit ganz zefridde si mat deem wat mir maachen." 

De Sven Clement gesäit trotz deem enge Sëtz, deen d‘Pirate géife verléieren, e positiven Trend: Am Oktober zejoert haten d‘Pirate bei der Sonndesfro kee Sëtz méi kritt. Elo sinn et der alt nach zwee.

Deputéiert reagéieren op Sonndesfro-Resultater / Reportage: Pierre Jans