Ronn 12 Prozent vun de Frae sinn am Grand-Duché mat Depressioune geplot. Bei de Männer sinn et 8,2 Prozent.

Eng 55.000 Leit sinn tëscht Oktober 2016 a Januar 2020 op prevention-depression.lu kucke gaangen. Dat huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert dës Woch op eng parlamentaresch Fro geäntwert. Bei engem Selbst-Test um Site war erauskomm, datt knapp 48% vun den 12.000 Participante Symptomer vun enger uerger Depressioun opgewisen hunn. Statistiken, déi interpelléieren, ma déi awer net representativ sinn. RTL huet nogesicht, vu wéi vill betraffene Leit am Land ee reell ausgoe kann.

Bilan Depressiounen / Reportage Eric Ewald

Depressioun ass eng psychesch Steierung. Eng Krankheet déi heefeg virkënnt, sou d’WHO. Eng 264 Millioune Mënsche si weltwäit vun enger Depressioun betraff. Egal wat fir eng Alterstranche. Am schlëmmste Fall kann eng Depressioun zum Suicide féieren. All Joer stierwen der Weltgesondheetsorganisatioun no bal 800.000 Mënsche wéinst Selbstmord, ausgeléist duerch eng Depressioun. Ofhängeg vun der Unzuel a Gravitéit vun de Symptomer, kann eng Depressioun der WHO no als liicht, mëttel oder schwéier agestuuft ginn.

Et ginn eng Hellewull u Symptomer, déi op dës psychesch Krankheet bei engem Mënsch schléisse loossen: dës Unzeeche gi vun Trauregkeet iwwer Schlofstéierungen, Scholdgefiller bis zu sozialer Isolatioun a Selbstmordgedanken.

D'Elisabeth Seimetz am Interview
D'Elisabeth Seimetz ass Psychologin bei der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale.

D’Lëtzebuerger Populatioun ass am EU-Verglach am heefegste mat Depressioune geplot. Dëst ass d’Konklusioun vun enger Etüd, déi am Dezember d’lescht Joer vum Robert Koch Institut virgestallt gouf. Iwwer 250.000 Leit aus 25 europäesche Länner hunn un dësem Questionnaire deelgeholl. Bei dësem Froebou sollten d’Participanten uginn, wei si sech selwer spiere géifen a Bezuch zu enger Depressioun. No der Auswäertung vun dëser Etüd läit Lëtzebuerg mat 10 Prozent un éischter Plaz. Hannendrun kommen Däitschland a Portugal. D’EU-Moyenne läit bei 6,6 Prozent.

Aus der Etüd ass och erauszeliesen, dass EU-wäit, d’Fraen am heefegsten ënner Depressioune leiden. D’Moyenne läit hei bei ronn 8 Prozent. Eppes Klenges iwwer 5 Prozent vun de Männer europawäit sinn an hirem Liewe vun enger Depressioun betraff.

Ronn 12 Prozent vun de Frae sinn am Grand-Duché mat Depressioune geplot. 8,2 Prozent sinn et bei de Männer. Den LIH, de Luxembourg Institut of Health, hält nach fest, dass hei am Land virun allem Jugendlecher a jonk Erwuessener mat Depressiounen ze kämpfen hunn. Riets geet hei vun der Alterstranche tëscht 15 a 29 Joer.