Chef vum Etat-Major seet Äddi
Den Alain Duschène geet den 29. September an d'Pensioun

© RTL
Den entspriechende groussherzoglechen Arrêté gouf den 31. Januar geholl.
Op den 29. September geet den Arméigenerol Alain Duschène an d'Pensioun: Dat war e Méindeg am Mémorial ze liesen. Den entspriechende groussherzoglechen Arrêté gouf den 31. Januar geholl.
Den 59 Joer alen Alain Duschène war mat 18 als Fräiwëllegen an d'Arméi gaangen, am Mäerz 2008 Chef d'Etat-Major adjoint vun der Arméi a Colonel ginn an am September 2017 dunn - als Nofollger vum Romain Mancinelli - Chef vum Etat-Major a Generol.
Am meeschte gelies