GesetzprojetUpskirting/Voyeurismus - Filmen a fotograféiere soll strofbar ginn

Roy Grotz
Wann een a Zukunft zum Beispill ënnert der Jupe vun enger Fra filmt oder Fotoen hëlt, soll ee kënne bestrooft ginn.

Dat géing nämlech eng penal Infraktioun duerstellen. D'Membere vun der Chamber-Justizkommissioun hunn e Mëttwoch de Moien op enger Gesetzespropositioun vum Deputéierte Gilles Roth geschafft.

Et geet also ënnert anerem ëm de Phenomen vum "Upskirting". Deen Text gesäit vir, datt Akte vun Voyeurismus strofbar sinn. Dorënner fält zum Beispill och, wann a Vestiairë gefilmt gëtt oder Fotoe vun Intimberäicher geholl ginn.

Well dës Faiten net ënnert d'atteinte à la vie privée oder d'sexuell Aggressioun falen, soll an Zukunft e spezifeschen Text mat engem entspriechenden neien Delikt geschaaft ginn. D'Justizministesch Sam Tanson huet den Text vum Oppositiounspolitiker e Mëttwoch de Mueren begréisst, well domat géif eng Lacune an der Legislatioun regulariséiert ginn.
Der Ministesch no, soll d'Infraktioun vun Engem, deen e Voyeur ass, och an de Code Pénal integréiert ginn.

Dat haten de Parquet Général an d'Parqueten aus der Stad a vun Dikrech an hirem Avis am Mee zejoert liicht anescht gesinn: dës Instanze waren éischter der Meenung, datt des nei Dispositioune sollten an d'Gesetz iwwert "Protection de la vie privée" integréiert ginn (Art. 2 vum Gesetz vum 11. August 1982).

An der Vergaangenheet konnte Plaintë wéinst Voyeurismus mat Handyen oder Kameraen net virun de Geriichter plädéiert ginn, well et keng penal Qualifikatioun duerfir gouf.

Et gëtt lo nach weider um Text vum Gilles Roth geschafft. Notamment, wat d'Sanktiounen ugeet. Et gëtt sech un der franséischer Legislatioun orientéiert, déi Strofen bis zu 15.000 Euro oder och Prisongsstrofen tëscht 8 Deeg an engem Joer virgesäit.

D'Gesetzespropositioun war virun genee engem Joer vum CSV-Deputéierten deposéiert ginn.

Méi Informatiounen um Site vun der Chamber

Back to Top
CIM LOGO