
Op engem Stéck Tape, dat eng 50m ewech vum ausgebrannten Auto hei vir a Frankräich fonnt gouf, war nieft Blutt vum Affer, ënner anerem männlech DNA vun der Famill vum Ugekloten drop: Dat sot en Enquêteur um Freideg de Moien um Stater Geriicht, um 3. Dag vum Prozess ëm den Doud, am Januar 2017, vum Ana Lopes.
Domat koum déi 1. Woch vun deem Prozess, wéinst Mord, géint den Ex-Frënd vum Affer op en Enn.
Dësen zweeten Enquêteur huet erkläert, dass d’Plaz a Frankräich, wou den Auto vum Ana Lopes fonnt gouf, den Dag no der Dot ofgesicht gouf. Dobäi gouf dee Pechpabeier / Tape entdeckt. Een Dag dono wär et ewell zur éischter Perquisitioun beim Beschëllegten doheem komm, an zwee Deeg dorop gouf den Tatort zu Bouneweg fonnt, wou déi jonk Fra wuel ëm d’Liewe koum.
Wat d’Plaz a Frankräich ugeet, wären do nobäi zwou Foussspuere vun 43 bis 45 entdeckt ginn, déi vum Auto fort goungen. Déi kéinte vun deene selwechten, awer och vu verschiddene Schung sinn. Woubäi den Ugekloten d’Schonggréisst 42/43 huet. Soss wäre keng sou Spueren entdeckt ginn, wouropshin d’Presidentin vum Geriicht gemengt huet: „Da sinn déi jo bal net ze gebrauchen!“ Am Auto wären net vill Iwwerreschter vum Ana Lopes fonnt ginn, sou den Enquêteur. D’Feier wär am Auto ugefaange ginn, um Chauffeur- an um Récksëtz, mat sief et Diesel, Biodiesel oder Bioethanol. Déi interessantste Spuer wär awer eben dat Stéck Tape gewiescht, dat zu Épinal ënnersicht gouf.
Um Tatort Bouneweg da wären, nieft enger Fastfood-Tut an engem Kabelbinder, ë.a. e puer méi grouss Bluttspueren entdeckt ginn. Déi hätten op e staarke Bluttverloscht higedeit, deen op op d’mannst eng Aktioun zeréckzeféiere wär; dass d’Läich do deposéiert ginn an d’Dot net do geschitt wär, wär als Iddi éischter ze verwerfen. Den oppene Broch vum Schädel kéint duerch een oder méi Schléi oder e Stoussen zu Bouneweg, respektiv duerch d’Feier a Frankräich verursaacht gi sinn. Bei enger zweeter Perquisitioun beim Beschëllegten doheem wär iwwerdeems Kabelbinder fonnt ginn, wéi deen zu Bouneweg.
Dëse Prozess geet am Prinzip en Dënschde virun.