Lex Delles confirméiertBlue Origin mécht europäesche Büro zu Lëtzebuerg op

RTL Lëtzebuerg
Blue Origin baut seng Aktivitéiten an Europa aus a mécht en neie Büro zu Lëtzebuerg op, mat Fokus op Zesummenaarbecht an innovativ Raumfaartprojeten ewéi d'Mound-Missioun OASIS.
De Wirtschaftsminister Lex Delles beim Space Symposium zu Colorado Springs am Abrëll 2026.
De Wirtschaftsminister Lex Delles beim Space Symposium zu Colorado Springs am Abrëll 2026.
© MECO

Blue Origin mécht en europäesche Büro zu Lëtzebuerg op a stäerkt domat seng Zesummenaarbecht mam Grand-Duché am Space Secteur. D’Annonce gouf am Kader vum Space Symposium zu Colorado Springs gemaach, wou de Wirtschaftsminister Lex Delles sech mam Vertrieder vun der US-amerikanescher Entreprise vum Jeff Bezos getraff huet.

D’Ouverture vum Büro ass d’Resultat vum Kooperatiounsofkommes tëscht dem Wirtschaftsministère a Blue Origin, dat am Juni 2025 ënnerschriwwe gouf. De Site zu Lëtzebuerg soll als strategeschen Hub fir Europa déngen an eng zentral Roll an der weiderer Entwécklung vun der globaler Liwwerkette vun der Entreprise spillen.

Donieft soll en d’Zesummenaarbecht mat wichtege Partner wéi der Luxembourg Space Agency, der European Space Agency an aneren Acteuren am europäesche Raumfaart-Ökosystem verstäerken.

Mat dësem Schrëtt baut Blue Origin seng Presenz an Europa geziilt aus. Lëtzebuerg gouf dobäi net zoufälleg gewielt: D’Land gëllt als ee vun de wichtegste Standuerter am Raumfaartssecteur an Europa. Nieft engem dynameschen an diversifizéierten Ökosystem spillt och d’Disponibilitéit vun héichqualifizéiertem, méisproochegem Personal eng entscheedend Roll, heescht et am Communiqué vum Ministère.

De Wirtschaftsminister Lex Delles huet betount, datt d’Implantatioun vum europäesche Büro “d’Dynamik an d’Ambitioune vum Secteur reflektéiert”.
© MECO

De Mound am Fokus

En zentrale Bestanddeel vun der Kooperatioun ass de Projet OASIS. Dobäi handelt et sech ëm eng innovativ Missioun, déi drop ofziilt, Ressourcen um Mound aus enger extrem niddreger polarer Ëmlafbunn festzehalen.

De Projet gëtt an enker Zesummenaarbecht tëscht dem neie Büro vu Blue Origin zu Lëtzebuerg an dem Space Resources Center of Excellence vun der Entreprise ëmgesat. Ënnerstëtzt gëtt d’Initiativ och vu lëtzebuergesche Partner wéi GOMSpace an ESRIC, déi schonn eng wichteg Roll am nationale Raumfaartssecteur spillen.

D’Donnéeën, déi am Kader vun OASIS gesammelt ginn, sollen dozou bäidroen, déi optimal Bedéngungen an déi passend Plaze fir e méiglech Gewënn vu Ressourcen um Mound ze identifizéieren.

De Wirtschaftsminister Lex Delles huet an deem Kontext betount, datt d’Implantatioun vum europäesche Büro “d’Dynamik an d’Ambitioune vum Secteur reflektéiert”.

Back to Top
CIM LOGO