Appellsprozess Urteel an Affär Lunghi/RTL géint zwee fréier Journalisten a géint fréieren Direkter gëtt 20. Mee geschwat

Diana Hoffmann
Michèle Sinner
Den Appellprozess an der Affär Lunghi/RTL géint déi zwee fréier Journaliste Marc Thoma a Sophie Schram esou wéi géint de fréieren Direkter vun RTL, Alain Berwick, goung gëscht an der Stad op en Enn – d'Urteel gëtt den 20. Mee geschwat.
© RTL

A sengem Requisitoire huet de Vertrieder vum Parquet général d’Confirmatioun vum Alain Berwick sengem Fräisproch aus éischter Instanz gefrot. Géint déi zwee Journaliste freet hien, d’Calomnie an d’Diffamatioun zréckbehalen.

Allerdéngs géif hie sech mat der klengstméiglecher Geldstrof vun 251 Euro zefridde ginn, esou de Vertrieder vum Parquet général.

An éischter Instanz waren de Marc Thoma an d’Sophie Schram zu enger Geldstrof vu jeeweils 1.000 Euro verurteelt ginn, plus e symboleschen Euro Schuedenersatz fir de fréiere Mudam-Direkter.

D’Faite gi bal 10 Joer op den Hierscht 2016, zréck. D’Sophie Schram hat mam Enrico Lunghi en Interview gemaach. Wärend deem hat hien hir de Mikro ewechgedréckt a si um Handgelenk gepaakt.

Déi Zeen gouf 11 Deeg méi spéit an engem Reportage diffuséiert, an deem d’Sophie Schram mat engem Verband um Aarm ze gesi war. An der Suite hat den Enrico Lunghi eng Affaire disciplinaire kritt a vu sengem Posten demissionéiert.

Am Prozess e Mëttwoch ass et nees ëm d’Fro gaangen, ob den Enrico Lunghi duerch de Montage vum Reportage falsch duergestallt gouf. Do dra waren 28 Sekonne geschnidde ginn, an et gouf net gesot, datt hie sech dono bei der Journalistin entschëllegt huet.

De Vertrieder vum Parquet général sot, de Comportement vum Mudam-Direkter wier net richteg gewiescht. Dat hätten d’Journaliste misse bréngen.

Mee, hie sot och: “En ass méi schlecht duergestallt ginn, wéi e war.” Et wier eng Coupure ginn, an dat wier esou gemaach ginn, fir d’Ëffentlechkeet ze beaflossen.

D’Affekote vun der Defense, déi e Mëttwoch plädéiert hunn, hunn e Fräisproch fir hir Clientë gefrot. Den Affekot vum Alain Berwick sot, et wier keng Conspiratioun gi géint de fréiere Mudam-Direkter. D’Affekotin vun der Sophie Schram sot, datt déi besote Sequenz erausgeschnidde gi wär, hätt den Enrico Lunghi méi geschützt, wéi et him geschuet hätt.

D’Sophie Schram selwer sot, si hätt sech näischt ze reprochéieren: “Ech hunn näischt falsch gemaach, ech hunn esou guer alles richteg gemaach.”

De Marc Thoma huet betount, et wier keng Malveillance gi beim Montage vum Reportage. D’Sequenz wier erausgeschnidde ginn, well d’Kamera dee Moment op d’Paweeë geriicht war. “Do ass näischt verzerrt ginn”, sou de Marc Thoma.

D’Urteel am Appellprozess gëtt den 20. Mee geschwat.

Back to Top
CIM LOGO