Dat entspriecht enger Croissance vun 11%. D’Depoten an d’Kreditter sinn ëm iwwer 3% geklommen. Wéinst de Konsequenze vum Iran-Krich dierft den Elan dëst Joer awer wuel ausgebremst ginn.
D’Reprise vum Kredit-Geschäft geet op scho gebaut Appartementer an Haiser. Dat no zwee Joer, wou et méi lues goung. E wichtege Facteur waren d’Zënsen, déi tëscht Dezember 2024 an Enn 2025 ëm ee Prozent an der Eurozon gefall sinn. D’Konsequenze vum Iran-Krich kéinten elo awer dës fragil Reprise nees ausbremsen. Mat, sou déi aktuell Prognos, Zënsen, déi bis Enn vum Joer nees zwee bis dräi Mol vun der Europäescher Zentralbank eropgesat kéinte ginn.
De Guy Hoffmann, President vum Verwaltungsrot vun der Raiffeisen Bank erkläert deen aktuell ganz delikate Kontext:
“All Kéiers, wann eng timide Reprise ass vun der Ekonomie, da kënnt déi net richteg zum Droe vun der Situatioun. A mir mierken, dass d’Leit a ville Punkten awer u Grenze stoussen, well et vläicht par Rapport zu fréier, war et deen Element, wat eng Hausse am Budget ausgemaach huet. Haut huet een, et ass an de Liewensmëttel méi deier ginn, et ass op der Energie méi deier ginn, et gëtt am Tanke méi deier, d’Banke gi méi deier, wann d’ Zënse variéieren. Also besonnesch géing ech soen, bei de Privatleit geet et nach relativ gutt. Bei den Entreprisë mierke mer awer, dass sech d’Situatioun sécherlech, dass déi Schwieregkeeten hunn, do aus de Startlächer ze kommen.”
Op engem Ament, wou d’Leit villäicht nees méi zécke fir z’investéieren, setzt d’Bank op Proximitéit a physesche Kontakt. Iwwerdeems ons Welt ëmmer méi digital gëtt.
“An ech sinn och nach wie vor iwwerzeegt, dass de Succès vun der Bank, en Deel vun deem Succès deen ass, dass mer dat maachen, wat verschiddener am Fong all opgehalen hunn, dat ass present ze sinn, dem Client nozelauschteren an en och ze accompagnéieren. ‘’ sou de Guy Hoffmann.
Déi Responsabel vun der Raiffeisen Bank wëllen aktiv derzou bäidroen, dat Thematike ronderëm d’Finanzwelt de Leit méi no bruecht ginn. En anere Schwéierpunkt ass de Kampf géingt de Bedruch. Wou Systemer ugepasst ginn an déi ronn 136.000 Clientë sensibiliséiert ginn. Op engem Ament, wou d’Auteuren ëmmer méi komplex Methodë gebrauchen.
‘’Mir maache wierklech do den Appell, un d’Leit esou opzepassen, wou et nëmme geet. Also eis Bank kontaktéiert kee Client iwwer iergendee Moyen, Telefon, SMS, WhatsApp, E-mail etc., wou mer froen, wat ass Äre Code, wat sinn Är Credentials etc., dat gëtt et bei eis net. ‘’ sou de Laurent Zahles, President Direktiouns-Comité
Nieft de Privatleit wier et der Bank a leschter Zäit gelongen, weider hire Geschäftsmodell ze diversifiéieren. Mat engem klore Fokus op professionell Clienten an dem Private Banking. Aus Iwwerzeegung géif een och eng ESG-Produktplattform ubidden, wou Nohaltegkeet an den etheschen Impakt evaluéiert ginn.