Sech selwer gefilmtMat 312 Stonnekilometer iwwer Lëtzebuerger Autobunn

RTL Lëtzebuerg
E presséierten Automobilist huet säin Tacho gefilmt, wéi e vill ze séier iwwert d'Autobunn gerannt ass. Duerno gesäit een och d'Plackennummer vum Auto.
Mat 312 Stonnekilometer iwwer Lëtzebuerger Autobunn
E Video posten op Instagram, maachen der vill. Sech awer filmen, wann ee mat iwwer 300 km/h iwwert eng Lëtzebuerger Autobunn fiert... dat ass éischter seelen.

E Video posten op Instagram, maachen der vill. Sech awer filmen, wann ee mat iwwer 300 km/h iwwert eng Lëtzebuerger Autobunn fiert, dat ass éischter seelen. Gedréint gouf de Video wuel op der A13, an der Géigend vun der Sortie Fréiseng. Den Tacho weist eng Maximalvitesse vun 312 km/h... an de Chauffer fiert mat iwwer 250 an en Tunnel eran.

Richteg intressant gouf et awer ganz um Enn vum Video, wou de Chauffer säin Auto filmt, wou en no sengem Trip tanke geet. An do gesäit een dann och d’Plackennummer vum Auto.

Dovun ofgesinn, gesäit een och uewen am Video och de Profilnumm vum Chauffer. Op deem Profil gesäit een dann och ëffentlech Fotoe vum séieren Auto, grad ewéi och eng Foto vum Besëtzer.

D’Plackennummer, grad wéi de Profilnumm hu mer am Video, grad wéi op de Screenshoten onkenntlech gemaach.

Op Nofro hin heescht et vun der Police, datt een an esou Fäll natierlech Ermëttlunge maachen a jee no Fall e Protokoll schreiwe géing, deen dann un de Parquet weidergeleet geet.

Back to Top
CIM LOGO