En Dënschdeg de Moien hu sech d'Wirtschafts- an d'Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber mam entspriechende Projet de loi befaasst.

Et gëtt vun der Regierung als wichteg Mesure fir d'Stabilisatioun an d'Relance vun der Ekonomie ugesinn: de Gesetzprojet iwwert d'Garantië fir d'Wirtschaft am Kader vun der Corona-Kris.

De Staat wëll jo 85% vun de Garantië vu Prêten iwwerhuelen, déi Betriber bei de Banke maachen; dofir ass eng Enveloppe vun 2,5 Milliarden Euro virgesinn.

Relance vun Ekonomie / Rep. Eric Ewald

Fir de Franz Fayot wären déi zwou Kommissiounen am grousse Ganzen domat d'accord gewiescht, dass dat heiten eng gutt Saach wär. Natierlech wäre Froe gestallt ginn an et koumen och Amendementer vun der CSV a vun de Piraten. De Minister huet awer vun enger konstruktiver Diskussioun geschwat an, wéi hie sot, keng Partei erkannt, déi mordicus dogéint wär.

D'Haaptpunkte vum Gesetzprojet sinn, dass Betriber e Prêt vu bis zu 25% vum Chiffre d'affaires vum leschte Joer ufroe kënnen, dass d'Garantië fir nei Prête gëllen an net fir därer, déi scho lafen, an dass se mat aneren Hëllefe kënne cumuléiert ginn. Woubäi d'Banken den Ulafpartner sinn. De Franz Fayot:

Dat heescht dee Betrib muss bei seng normal Bank goen, wou e schonn e Kredit driwwer lafen huet oder säi Kont huet, an déi Bank, déi kuckt dann zesumme mat deem Betrib, wat fir en Instrument, wat fir e Kredit am beschten op hie passt."

D'Bank mécht dann en Dossier a wann et dozou e positiven Avis gëtt, da geet se bei d'Tresorerie vum Staat, déi d'Garantie da fräigëtt. D'Prête kënnen dann iwwer 6 Joer lafen, erkläert de Wirtschaftsminister:

Hei gi kuerz- a mëttelfristeg Tresoreries-Besoinen ofgedeckt, mä awer och schonn e bësse méi laangfristeger, dat heescht, dat hei kann duerchaus och benotzt ginn, fir dono an der Relance, wann de Betrib aus der Kris erauskënnt, fir do schonn ze hëllefen, fir erëm d'Aktivitéit ze relancéieren."

Déi 2,5 Milliarde wären, sou de Franz Fayot, schonn eng ganz zolidd Mesure - et misst een awer eventuell nach ajustéieren:

Et steet jo och direkt an dësem Gesetz schonn en Emprunt dra vun 3 Milliarden, an nach eng Kéier: Mir si prett nozebesseren, wa sech erausstelle sollt, dass dat heiten net duergeet."

De Claude Wiseler sot:

„Mir brauche sou e Garantiesgesetz, duerch dat Betriber d'Méiglechkeet kréien, Prêten ze maachen, déi staatlech garantéiert ginn! Hätte mer dat Gesetz net, géife ganz vill Entreprisen a Schwieregkeete geroden! Mir ënnerstëtzen et vum Prinzip hier a wäerten et och ganz sécher matstëmmen!“

Dat sot de Claude Wiseler. Den CSV-Deputéierten huet vun engem wichtege Baustee fir d'Stabilisatioun vun der Ekonomie geschwat, woubäi de Projet de loi awer nach kéint am Detail verbessert ginn. Engersäits krite Betriber Hëllef, déi elo a wéinst der Corona-Kris a Schwieregkeete sinn:

„Déi Betriber, déi virdrun a Schwieregkeete waren, sinn am Fong hei ausgeschloss! Dat ass net onlogesch, mä et huet awer dee Problem, dass eng Rei Betriber och scho virdrun a Schwieregkeete waren, ouni hir Schold, wann z.B. aner Problemer wéi déi vum Bau vum Tram do waren!“

Anerersäits wär fir de Claude Wiseler eng Hëllef fir Handwierksbetriber néideg, déi Ufank 2019 ugefaangen hunn an dofir net vun där Hëllef beneficiéiere kéinten. Zwee Amendemente vu senger Partei an deem Sënn wären awer vun der Majoritéit verworf ginn.

De Sven Clement kann och mat deem Baustee vun Hëllefe fir Betriber liewen, weist awer drop hin, dass den Text et Start-uppe schwéier mécht, fir adequat vun Hëllefen ze profitéieren. Dofir huet de Vertrieder vun der Piratepartei en Amendement abruecht, well een deenen Entreprisen d'Méiglechkeet wollt ginn fir, wärend deenen éischten zwee Joer vun hirer Existenz net op hir vergaangen Employészuele gekuckt ze ginn, mä op déi estiméiert a projezéiert Employészuelen!“)

Dësen Amendement gouf awer och zréckgewisen. Dofir missten d'Pirate kucken, wéi si e Freiden ofstëmmen.

Och de Marc Baum ass - vum Prinzip hier - averstane mam Gesetzprojet: Déi Lénk hunn awer Problemer mat der technescher Ëmsetzung vun der Staatsgarantie, well um Enn d'Banken decidéiere géifen, wien an de Genoss vu Staatsgarantië kënnt. Et vermësst ee Garde-fouen, an et hätt een och d'Fro opgeworf, wéi et mat Multinationalen ass, déi zu Lëtzebuerg hire Siège hunn. Kënnen déi dann iwwer sou eng Staatsgarantie Sue bei lëtzebuergesche Banke léinen, fir eventuell am Ausland z'investéieren?“

Dat wär an hiren Ae méiglech, an et wär net de Contraire gesot ginn. Dowéinst wär een dofir, dass de Vote an zwee gedeelt gëtt: engersäits an den Emprunt vun 3 Milliarden, deen een ënnerstëtze géif, an anerersäits an d'Staatsgarantien, bei deenen ee sech enthalen dierft, sot de Marc Baum.

Iwwer 7'000 Moratoiren op Prêten accordéiert

D'Banken hätten och schonn iwwer 7.000 Moratoirë vu 6 Méint op Prêten accordéiert, déi scho lafen, fir eng Gesamtvaleur vun iwwer 2 Milliarden Euro an et hätten och schonn eng 2.400 Betriber d'Hëllef an Héicht vu 5.000 Euro kritt, huet de Wirtschaftsminister betount.