Bréif un d'Paulette LenertMedezinesch Offer erëm eropfueren an zu neier Normalitéit fannen

Pierre Jans
Déi medezinesch Aktivitéiten an déi vun den Zänndoktere sollen nees eropgefuer ginn. Dat fuerdert d’AMMD, d’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren.
Medezinesch Offer eropfueren an zu neier Normalitéit fannen
Déi medezinesch Aktivitéiten an déi vun den Zänndoktere sollen nees eropgefuer ginn. Dat fuerdert d’AMMD, d’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren.

An dofir huet een e Bréif un d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert adresséiert. Et géif ee gesinn, datt d’Leit wéinst der Corona-Pandemie net hir Dokteren oder d’Urgencen opsichen, wa si ee grave gesondheetleche Problem hunn. An dat wier ee riskant Verhalen.

Dofir misst een d’Bierger dorobber opmierksam maachen, an hinne Sécherheet vermëttelen. Wéi? Dat beschreift d’AMMD an deem Bréif.

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat schonn d’lescht Woch ënnerstrach: Eng Urgence bleift eng Urgence. Ma et géif ee gesinn, datt d’Leit medezinesch Traitementer scheien aus Angscht, sech mam Coronavirus unzestiechen, erkläert de Vizepresident vun der AMMD den Dokter Philippe Wilmes.

Philippe Wilmes iwwer Aktivitéit an Urgencen

A kenger Praxis ass haut eng richteg héich Aktivitéit, mee och an den Urgencë vun de Klinicken net. Mir hunn do ee Verhältnis gehat vun 1 zu 10. Dat heescht mat Momenter 10 Mol manner Leit, wéi normalerweis d’Urgencen sollicitéiert hunn. Dat kann een zum Deel doduercher erklären, datt d’Leit manner aktiv sinn, sech manner verletzen. Mee et gëtt eng Rei Erkrankungen, den Häerzinfarkt, den Hiereschlag, déi net onbedéngt mam reduzéierte Niveau vun Aktivitéit verbonne sinn, an déi een och vill manner gesinn huet.”

D’medezinesch Aktivitéiten an och déi vun den Zänndoktere soll bis Enn vum Mount nees lues ulafen.

Dat wann et der AMMD nogeet. An déi huet och Recommandatiounen, wéi déi Relance soll ausgesinn a begleet ginn.

Philippe Wilmes iwwer Relance

Eppes, wat ganz wichteg ass, ass, datt ee weess, wou een drun ass. Dat heescht de Monitoring ass ganz wichteg. Et muss vill getest gi weiderhin, fir datt mer wëssen, wéi de Virus sech an der Bevëlkerung verbreet. Mir gesinn eng wichteg Méiglechkeet an der Digitaliséierung. Duerch Teleconsultatiounen hu sech nei Méiglechkeeten opgedoen. Et kann een Pre-consultatioune maachen, dat heescht, de Patient scho virbereeden op d’Consultatioun. Kucken, firwat en e wierklech wëll consultéieren. Ob zousätzlech Ënnersichunge mussen am Virfeld gemaach ginn, an de Patient ganz geziilt an d’Consultatioun komme loossen. An dann och nëmmen dee Patient ze gesinn, op deem Créneau horaire, deen de Patient fir seng Besoinen brauch.

Covid-Patienten zentraliséieren

Eng weider Iddi vun der AMMD ass ee Spidol, wat sech spezifesch op d’Corona-Patiente géif konzentréieren. Dat war an Zäiten, wou d’Mënsche vill mat Krankheete geplot waren, Usus. Mëttlerweil géif haut kaum bis guer kee Spidol méi esou funktionéieren. De Vizepresident vun der AMMD erkläert:

Philippe Wilmes iwwer Zentraliséiere vu Covid-Patienten

D’Spideeler waren deemools och esou konzipéiert, datt et verschidde Pavillone gouf, also méi kleng Unitéiten, wou d’Patienten dran hospitaliséiert waren a wou beim Ausbroch vun enger Infektiounskrankheet, dee Pavillon konnt ofgetrennt gi vum Rescht. Esou datt am Rescht eng normal Versuergung konnt weider funktionéieren. Mir sinn elo an enger Phas vun der Krankheet ukomm, déi réckleefeg ass, wou d’Zuel vun den Infektiounen an Hospitalisatioune réckleefeg ass. An ech mengen, datt mir an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg mat enger grousser Reaktivitéit an eisem Gesondheetssystem eng Opportunitéit hunn, wa mir géifen de ganze Covid an engem Spidol zentraliséieren.

Et muss verhënnert ginn, datt d’Patienten, d’Personal a Leit vu bausse sech kräizen an esou de Virus weiderverbreet ka ginn. Dofir wëll d’AMMD och, datt ambulant Strukturen en Place gesat ginn, déi ginn et nach net. Do kéint d’Gestioun, mee och d’Preventioun géint de Virus besser garantéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO