D’Ukënnegung vum Premier, dass bis den 31. Juli all gréisser Manifestatiounen annuléiert sinn, suergt bei de Lëtzebuerger Foraine fir zolidd Opreegung.

Bis elo goufen, nieft de Kiermessen zu Esch an Déifferdeng, och scho 5 Stater Rendezvousen ofgesot. D’Schueberfouer, déi gréisst a wichtegst Kiermes vum Joer, soll zwar eréischt den 21. August - also a ronn 4 Méint - opgoen an awer sinn d‘Forainen alles anescht wéi rassuréiert.

Iwwer 50% vum Joresakommes maache si nämlech um Glacis, wat dann och heescht, dass d‘Lëtzebuerger Kiermesleit bis den 31. Juli scho 50% manner verdéngt hu wéi normal. Hire President Charel Hary seet dat, wat déi aner denken: ouni Fouer gëtt et fir eis ganz ganz schlëmm.

De Charel Hary (1)

"Bis elo sinn Ouschteren Esch, Déifferdeng an d‘Oktav definitiv ofgesot. Wa bis Enn Juli näischt ass, kéim zum Beispill d‘Escher Päischtkiermes nach dobäi, mä do huet d‘Gemeng mech nach net kontaktéiert. Bis d‘Fouer wäert näischt lafen. Et ass wierklech krass, well elo geet et ëm d‘Existenz. Well wa mer och nach keng Fouer dierfe maachen, also da gesäit et ganz ganz schlëmm aus."

Déi meescht vun hinnen hätte soss keen Akommes an de Gros hätt och déi 5.000 Euro ugefrot, déi een als Independant zegutt hätt. Mee dobäi géing et, wann d‘Fouer géif ofgesot ginn, bäi wäitem net eleng ëm SI goen, warnt de Charel Hary, well déi ganz Secteure ronderëm wiere mat betraff.

De Charel Hary (2)

"Du hues déi ganz Zulieferer wéi Depositairen, Bäcker, Metzler, déi d’Kiermesse beliwweren oder och déi, déi mam Nougat handelen. Mir mussen elo kucken, wat mer kënnen dobäi erausschloen. Bis elo hu mir nach iwwerhaapt kee Frang Akommes! Mir hunn elo vun der Federatioun FLCF aus Bréiwer un d‘Ministere geschriwwen, fir ze froen, wéi et weidergeet an elo waarde mer op Äntwerten!"

Lëtzebuerg ouni Fouer - dat gouf et op alle Fall scho ganz laang net méi. Weider Infoe ginn et op kiermes.lu.