Am Alter vun 63 JoerDen Armand Drews ass dout

Claude Zeimetz
De fréiere Stater LSAP-Conseiller a laangjärege Gewerkschaftsmember beim Onofhängege Gewerkschaftsbond ass e Freideg onerwaart gestuerwen.
© Archivbild

Dem Armand Drews seng éischt gewerkschaftlech Aktivitéiten gi wäit zréck a ware viru 40 Joer als Gewerkschaftler bei der BGL, wou hie laang Joren Delegéierte war an an der OGJ, der Jugend vum OGBL, där Gewerkschaft, där hie säi ganzt Liewen en treie Militant war.

Den Armand Drews war zanter 1980 Member bei de Sozialisten an huet sech an der Vergaangenheet op kommunalem Niveau politesch engagéiert. Fir d’éischt wärend zwee Joer vun 1988-1990 an der Gemeng Biwer, ma duerno besonnesch awer eeben an der Stad Lëtzebuerg, wou hien d’LSAP, a vun 2005 bis 2018, an der Oppositioun vertrueden huet.

Donieft war den Armand Drews 3 Joer laang bis 2014 President vum Stater Traditiounsfuttballveräin, dem Racing.

Engagement an der Entwécklungshëllef

Den Armand Drews souz net just 13 Joer laang fir d’Sozialisten an der Stater Märei, ma war och ganz besonnesch am Beräich vun der Entwécklungshëllef aktiv, wou hien notamment bis zu Lescht als President vum Cercel vun den ONGen aktiv war. Dësen huet dann och iwwer Facebook déi traureg Nouvelle gedeelt.

Och intern am OGBL louch dem Armand Drews d‘Entwécklungszesummenaarbecht um Häerz als laangjärege Chef de projet vun der ONG „OGBL Solidarité syndicale“, déi notamment um Cap-Vert, am Ghana oder nach dem Burkina Faso de lokalen Awunner ënnert anerem Ënnerstëtzung am Beräich vun der Sécurité sociale geleescht huet.

Back to Top
CIM LOGO