
Zanter dem 15. Mee 1994 gouf an de ganzen USA nom Christina Marie P. gesicht. Dat 13 Joer jonkt Meedchen ass deemools am US-Bundesstaat Arizona verschwonnen, wéi et ënnerwee bei seng Päerd war. D’Police ass deemools vun enger Entféierung ausgaangen. D’Famill hat d’Hoffnung schonn opginn.
Ermëttler déi dëse Cold Case nei analyséiert hunn, sinn dës Woch op eng 44 Joer al Fra opmierksam ginn, déi dem Christina Marie P. immens geglach huet. An tatsächlech, et war déi gesichte Persoune, déi zënter Mëtt den 90er Jore verschwonne war. Wou si all déi Joren gelieft huet, ass net gewosst.
D’Cheffin vun der regionaler Police betount op der Tëlee, dass dat jonkt Meedchen deemools bei Bekannten ënnerkoum, well si mat hirem Liewen an de Leit ronderëm net zefridde war.
Déi haut 44 Joer al Fra huet mëttlerweil selwer eng Famill gegrënnt a wëll vun hirem fréiere Liewen näischt méi wëssen. “Dat ass laang hir, dat war an engem fréiere Liewen” betount si.
Aus Respekt virun hirer Privatsphär solle keng weider Detailer bekannt ginn.