"Student fir een Dag"Schüler entdecken d'Studenteliewen zu Heidelberg

Chris Meisch
Wéi gesäit den Alldag als Student eigentlech aus? A passt eng bestëmmte Stad oder e Studium wierklech bei mech?

Froen ewéi dës stelle sech vill Lycéesschüler, wann et ëm hir Zukunft geet. Genee op esou Onsécherheete probéiert de “Student fir een Dag” Äntwerten ze ginn. d‘Acel, d’Associatioun vun de Studentencercelen, huet och dëst Joer nees de Lycéesschüler a -Schülerinnen d’Méiglechkeet gebueden, Studenteliewen fir een Dag selwer ze erliewen.

Am Ganze konnten d’Schüler dëst Joer aus enger breeder Pallett vu 24 verschiddene Stied aus 6 verschiddene Länner wielen, fir erauszefannen, ob hinnen d‘Stad gefält an ob si hei dat passend Studium fir hir Zukunft fannen. Ronn 300 Schüler- a Schülerinnen hunn sech dëst Joer fir op mannst eng Stad ugemellt. 20 vun hinne sinn op Heidelberg gaangen, wou den LSH, de Lëtzebuerger Studentencercel zu Heidelberg, mam ACEL en ofwiesslungsräiche Programm fir d‘Schüler organiséiert hunn, wéi d‘Diana Da Silva Lopes, Presidentin vum LSH erkläert.

“Mir wëllen de Schüler eng Kéier den Uniaspekt weisen an natierlech och d‘Studenteliewen, well Heidelberg ass eng wonnerschéi Stad an dass et net nëmmen ëm d‘Studéiere geet, mee och alles ronderëm ee wichtegen Aspekt ass, fir ee coolt Unisliewen ze hunn.“

"Student fir een Dag": Schüler entdecke Studenteliewen zu Heidelberg
Wéi gesäit den Alldag als Student eigentlech aus? A passt eng bestëmmte Stad oder e Studium wierklech bei mech?

Am Laf vum Dag kruten d’Schüler d’Uni, d‘Héichschoulen an de Campus gewisen, hu sech mat Studenten ausgetosch an hate Geleeënheet, d’Stad an hir studentesch Atmosphär ze erliewen.
d‘Preparatioune fir de Student fir een Dag lafen ewell Méint am Viraus. All Joer probéieren d’Cerclen, de Feedback vun de Schüler anzefänken, fir hire Programm kontinuéierlech unzepassen an hinnen een Dag ze bidden, deen esou gutt wéi méiglech op hir Besoinen ofgestëmmt ass.

Et geet drëms, de Schüler e realitéitsnoen an authenteschen Abléck an d’Studenteliewen ze ginn an hinnen all déi wichteg Aspekter – vum Studium selwer iwwer den Alldag bis hin zum Liewen an enger neier Stad – méi no ze bréngen, wéi d‘Emilia Maar vun der ACEL, erkläert.

“Mir wëllen am Fong de Schüler eng Orientatioun bidde fir hire Studium, sou dass si besser wëssen, wou si wat kënne studéieren, wéi et an där Stad ausgesäit, wéi eng Uni ausgesäit an hinnen do op hirem Wee fir de Studium hëllefen.“

Fir d‘Schüler war et eng Opportunitéit, déi een net all Dag kritt. Amplaz sech eleng duerch Broschüren oder Internetsäiten ze informéieren, goufe si encadréiert, kruten hir Froe beäntwert a konnte virun allem d’Studenteliewen an d‘Stad selwer erliewen.

Am Kader vum “Student fir een Dag” kruten d’Schüler a Schülerinnen ënnert anerem och vun de Studenten erkläert, op wat een alles muss oppassen – vu wichtegen Umeldungsfristen a Wunnengspräisser bis hin zu Alldagskäschten an der Organisatioun vum Studenteliewen.

Fir de “Student fir een Dag” uerdentlech ofzeschléissen, ass een Owes nach zesummen an de Restaurant gaangen, fir den Dag gemittlech auskléngen ze loossen. Um 21 Auer war den Ausfluch op Heidelberg eriwwer an et ass nees zréck op Lëtzebuerg gaangen. Nëmmen e puer Stonne méi spéit ass schonn den nächste Bus mat Schüler a Schülerinnen a Richtung Zürech fortgefuer.

Back to Top
CIM LOGO