Reouverture vun de SchoulenEducatiounsministère a Syvicol sichen no Léisungen

Annick Goerens
Iert de 25. Mee d'Schoulen nees opginn, muss nach sou munches gekläert ginn.

Rouverture vu Schoulen / Reportage Annick Goerens

Dofir hat de Syndicat vun de Gemenge eng éischt Videokonferenz mam Educatiounsministère, fir kënnen hir Froen ze stellen. Fir elo nees un d'Rullen ze kommen, ginn et zwee wichteg Facteuren no deene misst gekuckt ginn. Dat sinn engersäits d'Disponibilitéit vun de Gebaier an anerersäits d'Disponibilitéit vum Personal. Deemno hätte sech d'Gemengen natierlech gefrot, wéi eng Mesuren si elo missten huelen, fir e gudde Start z'erméiglechen.

De President vum Syvicol Emile Eicher:

„Mir si jo Besëtzer vun de Gebaier. Do ass natierlech elo déi éischt Fro, wat fir eng Consignë brauche mer do fir d'Opmaache vun de Gebaier. Wéi ass et mam Botzen an den Desinfectanten. Mussen do Spenderen dohikommen? Wie bréngt iwwerhaapt d'Masken? Wéi gi se verdeelt? Wien huet e Recht drop? Wéi gesäit et aus mat dem Material, wat do ass? Kann dat vu méi Kanner benotzt ginn, jo oder nee? Wei gesäit et aus, wann een e confirméierte Fall huet? Wei gesäit et aus mam Personal, déi kënne jo och krank ginn oder ass vläicht net ëmmer sou disponibel, wéi mer et brauchen?“

Besonnesch bei klenge Gemenge kéint et dann och mol séier u Personal feelen. Et ginn sech awer och eng ganz Rei konkret Froe gestallt, wat d'Ëmsetzung vun der Reouverture vun de Schoulen ugeet.

"Do wou d'Gemenge scho Waardelëschten hunn fir an d'Maisons Relais'en. Wéi packe mer dat un, wéi ass et mat den Agreementen? Wéi ass et mat de Chèque-Services? D'Restauratioun, wann d'Kantin zou ass, wat fir eng Aart vun Iesse kréien d'Kanner dann? Dorëm gëtt sech och elo scho bekëmmert. Wéi ass de Kontakt mat den Elteren? Wat fir eng Aktivitéiten dierfen d'Kanner nach maachen? Solle se eraus a wei a wou? Wat fir eng Raim sinn nach zougelooss?“

D'Ëmsetzung ass natierlech ganz ënnerschiddlech, jee nodeems ob et eng grouss oder eng kleng Gemeng ass.

„Wou mer eigentlech elo sou verbliwwe sinn, dat mer probéieren unhand vun e puer Gemengen um Terrain mat den Acteuren, also mam Schoulpersonal, mat den Educateuren, mat hiren Direkteren eng Kéier duerchzespillen, wéi dat da kéint ëmgesat ginn a fir déi praktesch Moossnamen einfach mol eng Kéier duerchzespillen. Dofir huet een am Beschten op den Terrain ze goen an dat ze probéieren.“

Den Educatiounsministère wäert nach bis e Freideg iwwer Videokonferenz Avise vun den verschiddenen Acteuren kréien. Nieft dem Syvicol sinn dat ënner anerem d'Schülervertriedung, d'Elterevertriedung, d'Gewerkschaften, d'Fedas an d'Direktiounen.

E Freideg soll dann fir d'éischt mol mat de Gemengen de Point gemaach ginn, sou confirméiert et den Educatiounsminister Claude Meisch.

Back to Top
CIM LOGO