De vläicht gréisste Problem vun der Re-Ouverture ass de psychologeschen Drock fir d’Schüler an d’Enseignanten.
Dat schreift d’ACEN, d’Associatioun vun de Chargéen zu der Exit-Strategie vum Confinement an de Schoulen.
Et géif een d’Decisiounen vum Educatiounsminister ënnerstëtzen, och wann ee Bedenken geäussert hätt, heescht et an engem Communiqué.
D’Coursen digital ze halen, op d’mannst bis Päischten, wier an den Aen vun der ACEN méi sécher gewiescht.
D'ACEN gëtt ze bedenken, dass de Risk fir hir Memberen och statistesch gesi méi héich wier, well d’Chargéen opgrond vu feelende Koeffizienten an Altersdechargë bis zu engem Drëttel méi Course géifen halen, an deementspriechend bei Niewefächer och bis zu 4 oder 5 Klasse méi géifen enseignéieren. Déi sozial Interaktioun wier also vill méi héich an domadder logescherweis och de Risk sech unzestiechen.
Et géif nach vill oppe Froen ginn, an d’Chargéen hoffen, dass strikt op d’Gesondheet vun de Schüler an dem ganze Schoulpersonal opgepasst gëtt.