Wéi verännert sech hire Beruff an der Corona-Krisenzäit?
Schwangerschaften a Gebuerte ginn och wärend der Pandemie begleet. Wéi erliewe betraffe Fraen dës Zäit a wéi adaptéieren d'Hiewane sech un d'Situatioun?
Och wa villes den Ament nach am Stëllstand ass, et gi Saachen, déi kann een net pauséieren. Schwangerschaften a Gebuerten zielen do dozou, eng Tatsaach, déi esou munch zukünfteger Mamm an dëser Zäit vläicht Suerge bereet. Hinnen dës Suergen esouwäit et geet ze huelen, ass eng vun den Aufgaben, déi den Ament fir d’Hiewanen dobäikënnt. Och d’Betreiung no der Gebuert huet sech an deem Sënn verännert, dass d’Fraen, bei deenen d’Gebuert ouni Problemer verlaf ass, schonn no 1-2 Deeg heemgeschéckt ginn. Déi fräiberufflech Hiewane kommen an deem Fall schonn den Dag selwer oder spéitstens deen duerno bei d’Familljen Heem, wéi d’Danielle Haag erkläert: "Et ass oft eng Bluttanalys beim Puppelchen ze picken, et si verschidde Soinen ze maachen. D’Niere muss ulafen an da gi mer a reegelméissegen Ofstänn bei d’Mammen Heem, bis se selbststänneg sinn an duerno fänke mer dann och un, lues a lues déi Saachen iwwer Telefonconsultatioun ze maachen."
Och Gebuertsvirbereedungskueren, déi net méi am Spidol kënnen ofgehale ginn, ginn deelweis iwwer Videokonferenzen ofgehalen. Donieft huet d’ALSF (Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes) op fräiwëlleger Basis eng Hotline ageriicht. Hei kënne sech all schwanger Fraen an all Mammen, déi grad e Puppelche kritt hunn, mellen, wa se Informatioune brauchen.
Hotline ALSF: 621 630 218 / Email: alsf@pt.lu
Wat d’Gebuerte selwer ugeet, esou leeft bis op e puer zousätzlech Schutzmoossnamen alles genee esou of, wéi virun der Kris. D’Pappen dierfe bei der Gebuert dobäi sinn, ob se d’Mamm duerno och um Zëmmer besichen dierfen, bleift der jeeweileger Maternité iwwerlooss.