Coronavirus zu Lëtzebuerg16 nei confirméiert Fäll, Zuel vun Doudesaffer bleift bei 85

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 85 bliwwen ass.

Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer, d’Altersmediane bei 85.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 16 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.711. Vun de confirméierte Fäll sinn der 3.007 Residenten.

© Santé

Vun den 3.711 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.088 geheelt, 538 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

© Santé

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 38.514 Tester gemaach. Zanter e Freideg waren et der 732 an dovunner waren der 16 positiv.

Aktuell sinn 163 Patienten hospitaliséiert, 26 (+1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 780 (+20) Mënschen d’Spidol nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO