Reaktioune vun DeputéiertenPositive Wuesstem 2021: Vu "plausibel" bis "Zweckoptimismus"

Fanny Kinsch
An der Chamber waren d'Reaktiounen no der Presentatioun vun de Previsiounen iwwer d'Staatsfinanze ganz divers.
Reaktioune vun Deputéierten op Staatsfinanzen
An der Chamber waren d’Reaktiounen no der Presentatioun vun de Previsiounen iwwer d’Staatsfinanzen ganz divers.

Den DP-Deputéierten André Bauler hält et fir ganz plausibel, dass d’Ekonomie no engem Defizit vu 6 % am Joer duerno erëm e positive Wuesstem opweises kéint hunn.

Den André Bauler

“Et ass gewosst, dass déi Lëtzebuerger Ekonomie, déi eng kleng, oppe Vollekswirtschaft ass, ëmmer mat spronghaften PIBen, also Wuesstemstauxe konfrontéiert gëtt. Wann ech mech gutt erënneren, dann hate mir dat och an der Finanz- a Bankekris, esou dass dat u sech bei enger ganz klenger Ekonomie net och onbedéngt eppes Iwwerraschendes ass. Mä de Moment muss ee soen: Et si ganz vill Incertituden, déi am Raum stinn an dofir ass et och ganz schwéier, fir d’Croissance fir déi nächst Jore virauszesoen.”De Réckgang vu 6 Prozent, vun deem de Finanzministère dëst Joer ausgeet ass du jamais-vu fir de Grand-Duché, esou den CSV Deputéierte Gilles Roth. D’Regierung géif ëmmer vu gudde Staatsfinanzen schwätzen. Ma elo géif sech weisen, ob dës Staatsfinanzen och krisefest sinn. Fir d’CSV steet op alle Fall fest...

De Gilles Roth

“Déi Aarbecht ass eng Momentopnam mat Critèren, déi fir Bréissel néideg sinn. Wat eis feelt, ass hannendrunner déi konkret Exit-Strategie, fir d’Ziler z’erreechen oder géintiwwer deene Schätzunge besser ze maachen. Eis Wirtschaft brauch konkret verbindlech Zousoe, Objektiver, an Datumer vun enger Regierung.”D’Perten fir dëst Joer gesinn dramatesch aus, seet de Sven Clement vun de Piraten. Allerdéngs géif eppes aneres hinnen nach méi an d’A stiechen. D’Previsioune fir d’nächst Joer, wou mat engem Wuesstem vun 7 Prozent gerechent gëtt.

De Sven Clement

“Do solle mir beemol op den Niveau vum leschte Joer kommen. Dat schéngt eis ganz vill Zweckoptimismus ze sinn, fir sech d’Situatioun awer bësse méi schéin ze schwätzen, wéi se eigentlech ass.”

RTL NEWS: Staatsfinanzen - 5 Milliarden Euro Defizit a Rezessioun vu -6% 2020, Statec seet -6 bis -12%

Back to Top
CIM LOGO