Um Donneschdeg den Owend géint 19.20 Auer gouf et e gréissere Pompjeesasaz, bei deem d'Avenue de la Liberté huet misste gespaart ginn.

D'Feier war an engem Hannerhaff vun engem Restaurant ausgebrach an et koum zu enger staarker Dampentwécklung.

D'Läschaarbechte ware méi schwiereg. D'Pompjeeën hunn iwwer 2 Weeër de Brand misse läschen, een duerch eng Säitestrooss, deen aneren duerch e Keller. Et huet misse mat schwéierem Otemschutz geschafft ginn.
Am Ganze ware 7 Läschween, 2 Hubrettungsween an 2 Ambulanzen waren op der Plaz.