Den 12. Mee ass den internationalen Dag vum Fleegepersonal, e Beruff, deem seng Wichtegkeet verschiddener villäicht eréischt a Krisenzäiten ewéi dëser bewosst gëtt.
Mir hunn 3 Persoune begleet, déi de Beruff vum Infirmier deelen, ma a ganz ënnerschiddleche Secteure schaffen.
Am Portrait verrode si eis, firwat se grad dëse Beruff gewielt hunn a ginn eis en Abléck an hir alldeeglech Challengen.
RTL-Artikel: Hoffnung vun der ANIL: Doleancë vun Infirmieren an Infirmièrë solle Gehéier fannen
