Google-DatazenterMouveco krut Recht: "Memorandum of Understanding" ass net confidentiel

Roy Grotz
An de mouvementéierte Covid-Zäite gëtt et roueg ëm eenzel Dossieren, zum Beispill ëm de geplangte Bau vun engem Google-Daten-Zenter zu Biissen.
© RTL Archivbild

Nach rezent hat et geheescht, datt de Vott iwwert de PAP fir de Projet réischt wäert am Hierscht am Biisser Conseil kënne sinn. Dëst hat de Buergermeeschter David Viaggi dem "Luxembourg Times" och sou confirméiert. Elo um Mëttwoch kënnt eng weider aktuell Informatioun, e Puzzelstéck, derbäi:

De Mouvement Ecologique hat nämlech iwwert hiren Affekot d'"Commission d’accès aux documents" domat befaasst, datt de Wirtschaftsministère an d'Gemeng Biissen d'Publikatioun vun engem wichtegen Dokument am Dossier Datacenter – de Memorandum of Understanding – refuséiert haten.

D'Kommissioun gëtt iwwerdeem dem Mouvement Ecologique an hirem Avis vun Ufank Mee Recht.

Beim "Memorandum of Understanding" tëscht der Regierung, der Biisser Gemeng an der US-Firma Google handelt et sech dem Avis vun der Kommissioun no, NET ëm e confidentiel Dokument. Och d'Argument, datt dat Dokument nach virum Gesetz iwwert d'"Administration transparente et ouverte" vun 2018 signéiert gi wier, léisst d'Kommissioun net gëllen.

D'Dokument, sou d'Kommissioun an hirem Avis, wier zwar zu engem méi fréien Zäitpunkt geschriwwe ginn, wëll et lo awer disponibel wier, géif et kee Grond, et lo net public ze maachen.

De Mouvement freet lo op Basis vun dësem Avis, datt d'komplett Intransparenz am Dossier Google en Enn huet, an datt den MoU public gemaach gëtt, am anere Fall géif d'Ëmweltschutz-Organisatioun virum Verwaltungsgeriicht kloen.

De Projet vun der Google-Serveur-Farm ass virun allem wéinst de Repercussiounen op de Waasser- a Stroumverbrauch ëmstridden. De Gemengerot hat d'Fläch vun 33 Hektar, d'Gréisst vun enge 50 Futtball-Terrainen, zejoert ewell ëmklasséiert - dësen Terrain ass am Besëtz vun der Firma "London Bridge", deen de Projet och géif um "Busbierg" bauen.

Géint de Projet wiere sech ënner anerem zwou lokal Biergerinitiativen.

RTL-NEWS: Biergerinitiativ kritiséiert Geheimniskréimerei ronderëm Google
RTL-NEWS: En holperegen Depart am Réckbléck
RTL-NEWS: Google Datenzenter - Wéi steet et a puncto Stroum- a Waasserverbrauch?

PDF: Resumé vum Avocat du dossier

Back to Top
CIM LOGO