Sou ass eng Nott vun der Chambre des Salariés zur Exit-Strategie iwwerschriwwen.

De Wee aus der Kris kascht eppes, dat ass sech d'Chambre des Salariés bewosst, mä dat wier eng néideg Investitioun, fir eng sozial gerecht Reprise kënnen ze garantéieren. Dorobber leet d'CSL an der Exit-Strategie de Fokus. Vill Salariéeën hu wéinst der Kris net hire volle Loun konnte kréien. Fir d'Kafkraaft vun der Populatioun ze garantéieren, huet d‘CSL nieft anere Mesuren, och d’Iddi vun engem Chèque de consommation ausgeschafft. Hie selwer hätt nach keen Iwwerschlag dovu gemaach, wat de Käschtepunkt vun de ganze Mesurë fir d'Kafkraaft wär, déi d'Chambre des Salarié virschléit.

Sylvain Hoffmann: "Mir hunn och net all d'Donnéeën, fir dat genau ze rechnen. Et ass och elo net, dass mir soen, dat hei muss elo alles geschéien. Et ass notamment bei de Steieren extrem schwiereg, fir selwer Saachen ze rechnen, well een do iwwerhaapt keng Donnéeën a sech huet, wat e Problem ass, dee mer scho méi laang bedaueren. De Chèque-consommation ass e Beispill, fir eng Gréisstenuerdnung ze ginn. Mir hunn och elo keng konkret Fuerderung an eisem Pabeier dran, dat muss elo sou a sou vill sinn. Et ass fir eng Iddi ze ginn, fir wann ee sou eppes géing maachen, an engem Wäert vun 200 Euro, dass dat par Rapport zu deem Gesamtpak, deen d'Regierung souwisou virgesinn huet, a sech elo keng sou grouss Zomm wier."

Extrait Sylvain Hoffmann (1)

All Resident an all Frontalier géing esou ee Bong vun 200 Euro kréien, fir zu Lëtzebuerg auszeginn. Dat wiere Gesamtkäschte vu 170 Milliounen Euro.

D'Nora Back, d'Presidentin vun der Chambre des Salariés: „Dat kann e Restaurant sinn, e Commerce oder en Handwierksbetrib. Eben all déi Betriber, déi elo wéinst der Kris gelidden hunn a wou wéineg oder manner geschafft ginn, ass wéi zu normalen Zäiten. Fir déi eben ze ënnerstëtzen, andeems do da consomméiert gëtt.“

Nawell dierft d'Regierung, wat de Budget ugeet, net ze vill op d'Brems drécken, fir séier aus dem Dall wëllen erauszekommen. Villméi misst si d'Investissementer héich halen an d'Kafkraaft stäerken,...:

Sylvain Hoffmann: Notamment vun deene Leit, déi mëttel Revenuen an déi kleng Revenuen hunn. Dat ass, wéi gesot, ekonomesch absolut och sënnvoll, well dat direkt och kann erëm an d'Ekonomie afléissen, wann déi hire Pouvoir d'achat an d'Luucht gesat kréien!“
Et misst virun allem verhënnert ginn, dass d’Inegalitéite wéinst der Kris nach weider an d’Luucht ginn.

Nora Back: „Eng vun den Inegalitéiten oder eng vun de Mesuren, déi hei zu Lëtzebuerg esouguer nach méi ausgepräägt ass, wéi am europäeschen Duerchschnëtt, ass de Recours op zäitbegrenzten Aarbecht, dat heescht souwuel e Contrat à durée déterminé, wéi och Interims-Aarbecht. An dës Kris kéint dozou féieren, vu que dass ganz vill Betriber a finanziell Schwieregkeete komm sinn, dass et zu Entloossunge kënnt an dass méi Recours op CDDe gemaach gëtt an op Interims-Aarbecht, wat net gutt wier.“

No der Reprise sollten de Chômage partiel an de Congé pour raisons familiales bäibehalen a souguer ausgebaut ginn, fuerdert den Direkter vun der Salariatskummer. Fir deen eng eege Simulatioun vun der Gravitéit vun der Kris änlech Resultater erginn huet wéi déi vum STATEC, dat wieren esou tëscht 5,7 bis 6 Prozent Rezessioun.

Fir eng sozial Reprise wier et awer wichteg, net op deene falsche Plazen ze spueren. Esou Spuermesuren, virun allem am Fleegesecteur, géingen elo an der sanitärer Kris weisen, dass dat de falsche Wee war, esou d’Chambre des Salariés weider.

Nora Back: „De Plan hospitalier, wou deen ausgeschafft ginn ass, do ass d’Unzuel vun de Better an de Spideeler drastesch erofgeschrauft ginn. A mir hunn deemools scho gesot, dat ass eng Spuerlogik, dat ass keng gutt Logik. An dat ass déi falsch Approche an engem Gesondheetssecteur. Haut gesi mir, wéi wichteg déi Unzuel vun de Better ass a wéi wichteg et dofir och ass, de Plan hospitalier komplett ze reforméieren. Haut musse mer driwwer schwätzen an an eng nei Logik erakommen.“

D’CSL fuerdert dann och, dass d’Dotatioun vum Fleegepersonal misst iwwerduecht ginn.

De Sylvain Hoffmann huet drun erënnert, dass d'EU-Kommissioun d'Memberlänner dacks dozou opgeruff hätt, fir d'Depensen am Gesondheetssecteur ze drécken. Hei wär en Ëmdenken néideg:

Sylvain Hoffmann: „Do muss och ugesat ginn, op europäeschem Niveau, dass een effektiv an de Länner och déi performant ëffentlech Servicer huet, déi ee brauch, notamment, an dat gesäit een eben elo, spezifesch am Beräich vun der Santé!“

CSL zu Exit-Strategie / Reportage Eric Ewald

Nieft enger Note zur Exit-Strategie huet d'Chambre des Salariés och en Abléck ginn, wann och net am Detail, an hire „Panorama social“. Dora gëtt festgehalen, dass d'Inegalitéiten zu Lëtzebuerg weider staark zouhuelen. Zum Beispill ass den Aarmutsrisiko am Grand-Duché an der Moyenne méi héich, wéi dee vun der Eurozon. An a spezifesche Situatioune sti mer nach méi schlecht do, huet den Direkter Sylvain Hoffmann betount:

„Monoparentauxen - et ass bekannt - 42% Aarmutsrisiko, géint 35 just an der Eurozon, allgemeng d'Menagë mat Kanner leien iwwert der Moyenne vum Aarmutsrisiko, bei de Chômeure leie mer bei 50% Aarmutsrisiko, dat ass zwar plus ou moins d'Moyenne vun 49 an der Eurozon, mä et ass awer wesentlech méi héich, wéi fir déi aner Menagen. Dann déi Leit, déi schaffen, 13,5%, dat ass ganz vill iwwert dem Duerchschnëtt vun 9% an der Eurozon, an do leie mer wierklech mat vir bäi, do si mer déi mat deem héchsten Aarmutsrisiko bei de Leit, déi schaffen, an dann, wat zu Lëtzebuerg och e bësse méi spezifesch ass, Locatairë 35% Aarmutsrisiko, par rapport zu 28 an der Eurozon, 35% Aarmutsrisiko bei de Locatairë géint 12% bei de Proprietären.“

Extrait Sylvain Hoffmann (2)

Donieft huet sech den Aarmutsrisiko vu Pensionnairen an de leschten 10 Joer verduebelt, hei hunn 30% vun de Leit Problemer, fir d'Enner beieneen ze bréngen, 37% vun de Stéit mat Kanner a bal 60% vun de Monoparentauxen, sou den CSL-Direkter. Doriwwer eraus wär bei de CDDen a bei der Interimsaarbecht eng staark Hausse ze notéieren.