Rainbow Index 2020Lëtzebuerg op en Neits op Plaz 3, aner Länner verléiere Punkten

RTL Lëtzebuerg
Am neiste Rainbow Index kënnt een zur Konklusioun, dass et an iwwer 49% vun de Länner keng positiv Verännerungen am leschte Joer gouf.
© AFP Archivbild

Dës Stagnatioun kéim net just duerch de gesellschaftleche Widderstand, mä vill méi duerch eng gewësse Selbstzefriddenheet ënnert de politesche Responsabelen. Doduerch géife Reformen op sech waarde loossen. Et ass donieft schonn dat zweet Joer hannerteneen, dass verschidde Länner Punkte verléieren, well bestoend Schutzmoossnamen entweder net erneiert goufen oder bewosst ofgebaut goufen. Och déi aktuell Corona-Kris gëtt op ville Plazen als Virwand geholl, fir Rechter auszesetzen oder guer net ëmzesetzen.

Am Beräich vun de Rechter fir Trans-Persounen gouf et d'lescht Joer déi meeschte Verännerungen, souwuel positiv, wéi och negativ. Länner, wéi Andorra, d'Belsch, Holland, Nordmazedonien an d'Schwäiz hunn d'Geschlechtsidentitéit an d'Mierkmoler an de Gläichstellungsgesetzer opgeholl, Island a Spuenien hunn nei Gesetzer zur rechtlecher Unerkennung vun de Geschlechter accordéiert.

Ungarn huet bei de Rechter fir Trans-Persoune mat 8,46% am meeschte Punkte verluer. Och Polen verléiert hei Punkten a lant op der leschter Plaz vun den EU-Memberstaaten.

Lëtzebuerg nees op Plaz 3

Och wa Lëtzebuerg elo schonn zwee Joer hannertenee mat ronn 73% op der drëtter Plaz vum Rainbow Index läit, bleiwen nach Hausaufgaben ze maachen. Dat seet den Tom Hecker, President vu Rosa Lëtzebuerg. Wärend dem ganze leschte Joer gouf et net ee Vott an der Chamber.

"Lëtzebuerg kéint sech e Verbuet fir Konversiounstherapie ginn, och d'Thema vum Bluttspendeverbuet fir Männer mat gläichgeschlechtleche Sozialkontakter kéint scho laang geléist sinn", sou den Tom Hecker weider. Eng Verfassungsännerung wier donieft och scho laang iwwerfälleg.

D'Detailer an d'Zuele vun all de Länner fënnt een op der Rainbow Map 2020.

PDF: Schreiwes vu Rosa Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO