
Vue datt et d'Gemenge sinn, déi sech ëm d'Distributioun vun de chirurgesche Maske këmmeren, sammelt den Inneministère d'Informatiounen a setzt se um Internetsite vum Gouvernement online.
All Resident iwwer 16 Joer huet jo 50 där chirurgesche Masken zegutt. Wou a wéini ee se siche ka goen, ass ofhängeg vun der Gemeng an där ee wunnt. D'Plaz an och d'Datumer respektiv d'Auerzäite fënnt ee vun e Méindeg un um Internet via Landkaart. Dës gëtt no an no komplettéiert, soubal den Inneministère déi néideg Informatioune vun de jeeweilege Gemengen huet.
De Ministère erënnert och drun, datt jiddwer Bierger seng Maske mam Ziedel vun der Regierung, deen en heem geschéckt krut, ka siche goen.
Fir sou mann wéi méiglech Deplacementer ze hunn, ass et recommandéiert, datt eng Persoun vum Stot d'Maske fir jiddweree siche geet.
D'Kaart mat de Plaze wou d'Maske verdeelt ginn
