Et wäert net zum Stëllstand vu grousse Projeten zu Lëtzebuerg kommen, esou den Investisseur Eric Lux. Wéi mer an Zukunft wunnen, wäert sech awer änneren.

Duerch de Lockdown stoung de Bausecteur zu Lëtzebuerg iwwert e Mount stëll. Wat och en Impakt op grouss Bauprojeten hei am Land huet.

Zu Esch soll bannent den nächste Joren een neie Quartier fir bis zu 3.000 Awunner entstoen. Ugangs vum Joer hunn d’Assainissementsaarbechten ugefaangen. Nëmmen e puer Wochen drop stoungen d’Maschinne stëll.

5 al Gebaier sollen am Projet integréiert ginn a fir 15 Milliounen Euro a Stand gehale ginn. Duerch d’Kris wäerte sech verschidde Saache beschleunegen. Den Teletravail kënnt méi séier wéi geduecht. An och d'Wunne wäert sech nohalteg veränneren. Fir de Lëtzebuerger Investisseur Eric Lux, CEO vun Iko Real Estate, ass de Projet "Rout Lëns" zu Esch awer net a Gefor.

© David Steichen