De Coronavirus bereet ville Leit, déi Lëtzebuerger wëlle ginn an um amerikanesche Kontinent liewen, nawell Suergen.

Si hunn nämlech just nach bis zum Enn vun dësem Joer Zäit, fir op Lëtzebuerg ze kommen an d'Nationalitéit beim Etat Civil unzefroen. Da leeft d'Méiglechkeet of, fir d'Nationalitéit vun engem Grouss-, Ur- oder Ururgrousselterendeel z'iwwerhuelen, deen am Joer 1900 gelieft huet a Lëtzebuerger war. D'Reespläng vu ville Betraffene goufen awer elo vun der Pandemie op d'Kopp gehäit. Iwwer Videomessage froe si elo, fir d'Delaien ze verlängeren.

Opriff aus Brasilien an den USA

56 Persounen aus Brasilien an den USA hu Videomessagen opgeholl, fir drop opmierksam ze maachen, datt si duerch d'Pandemie an d'Reesbeschränkunge riskéieren, hiert Recht ze verléieren, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit unzefroen.
Hannert der Aktioun stécht den Daniel Atz, deen d'Lëtzebuerger Nationalitéit vu senger Urgroussmamm iwwerhuele konnt. 2017 huet hien du seng Lëtzebuerger Famill kennegeléiert, mat där hien zanterhier enke Kontakt huet.

Den Daniel Atz, deem seng Lëtzebuerger Nationalitéit et erlaabt huet, sech lo mol nach zu London néierzeloossen, huet sech drop spezialiséiert, anere Leit mat Lëtzebuerger Wuerzele bei der Recouvrement-Demarche ze hëllefen. Mat der Video-Aktioun hofft hien, d'Politik op d'Situatioun vu senge Clienten opmierksam ze maachen.

Daniel Atz:"Je crois qu'il y aura des milliers de coeurs brisés s'ils n'auront pas la possibilité de recouvrir leur nationalité. Ce sont des personnes qui ont des rêves."

Wéi den Erick Schauer, deem seng Virfare vun Hesper kommen. Säi Grousspapp huet als amerikaneschen Zaldot an der Ardennenoffensiv un der Säit vun den Alliéierte gekämpft. Den Erick selwer ass Ingenieur am Génie Civil, seng Leidenschaft sinn Zich an hien dreemt dovunner, wann hie bis Lëtzebuerger ass, enges Daags op der Lëtzebuerger Gare um Tram-System ze schaffen.

En Zesummeschnëtt vun de Videomessagë ass e Samschdeg den Owend online gaangen. D'Problematik vun de Betraffenen ass der Justizministesch awer scho bekannt.

Sam Tanson:"Ech krut ganz vill Maile vun Demandeuren, virun allem aus den USA. Déi meescht hu mer erkläert, si hätte fir Nationalfeierdag dëst Joer eng Rees geplangt gehat."

Et wier och schonn e Gesetzesprojet ënnerwee, fir den Delai, fir d'Nationalitéit iwwer de Recouvrement unzefroen, bis Enn 2021 ze verlängeren.

Reng theoretesch kéinten den Zuele vun der Justice no ronn 15.000 Leit dës Prozedur nach ufroen. Zanter d'Méiglechkeet vum Recouvrement 2009 a Kraaft getrueden ass, hu virop Belsch (10.223) a Fransousen (9.546) Gebrauch dovu gemaach. Op drëtter Plaz sinn d'Brasilianer (3.380), awer och 2.104 US-Amerikaner hunn d'Lëtzebuerger Nationalitéit vun hire Virfaren iwwerholl. Méi wéi 25.000 Mënschen aus aller Welt sinn iwwer de Recouvrement Lëtzebuerger ginn. An den nächsten 18 Méint dierften nach eng Rei dobäi kommen.