"Schwätz mat - Lëtzebuergesch verbënnt" ass den Titel vun der éischter Editioun vum "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch".

De Kulturminister Eric Thill huet betount, datt d'Lëtzebuerger Sprooch soll ervir gehuewe ginn a jiddereen encouragéiert ginn, se ze schwätzen, ob gutt oder manner gutt. D'Lëtzebuergescht hätt an eiser Sproochevillfalt eng zentral Plaz: "Et verbënnt eis mat eiser Geschicht an eiser Identitéit a stäerkt ganz kloer och déi sozial Kohesioun."

D'Programmatioun geet vu Konferenzen iwwer Ausstellungen, Concerten, pedagogesch Aktivitéiten a Publikatiounen:

Et ass eis wichteg, dass jiddereen do kann dervu profitéieren, vu jonk bis manner jonk. Et ass eng Kéier an de Schoulen, wou zesumme mam Educatiounsministère gekuckt ginn ass, fir deen Dag eeben och d'Lëtzebuerger Sproochgeschicht an de Vierdergrond ze setzen. Et ass awer esou op der Aarbecht, wou mer zesumme mat verschiddene Kummeren, verschidden Iddien ausgeschafft hunn.

Eng Iddi ass zum Beispill déi vun de "5 Wierder an Ausdréck". Dat ass eng Kéier "Äddi a Merci", "gudden Appetit", "Wat e Gedeessems.", "Moien, wéi geet et?", an da "Quetschen och", wat dann esou vill heescht wéi "sécher net", fir déi, déi et nach net sollte kennen.

Zil ass et, de Leit, déi am Alldag vläicht kee Lëtzebuergesch schwätzen, en Ureiz ze ginn, fir d'Sprooch ze benotzen. De ganze Programm fir den éischten Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch fënnt een um Site vum Kulturministère. Fir déi zweeten Editioun wëll een iwwerdeems och d'Iddie vun de Leit dobausse mat an de Programm abauen.