Affer krut Kette vum Hals gerappt - Täter konnte gestoppt ginn

© RTL
An der Avenue de la Faiencerie um Lampertsbierg ass e Méindeg de Moien um 1.30 Auer eng Persoun vun engem Grupp attackéiert ginn.
Véier Täter hunn der Persoun dobäi d'Kette vum Hals gerappt. Wéi d'Affer sech d'Ketten zréckhuele konnt, huet sech de Grupp doropshin duerch d'Bascht gemaach. No enger Sich vun der Police konnten dräi vun de véier Täter fonnt ginn. Bei Engem goufen zwou weider Halskette fonnt, déi geklaut gi waren. Op Uerder vum Parquet gouf dëse festgeholl an am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter bruecht.
An der Nuecht op e Sonndeg goufen dann nach zwee presuméiert Drogendealer no engem Tëschefall an de Rives de Clausen festgeholl. Der Police gouf ufanks ee Mann gemellt, dee sech geweigert hat, aus engem Café ze goen. Wéi hie vun de Beamten opgefuerdert gi war, erauszegoen, huet hien en Nuesschnappech, an deem sechs Bulle Kokain waren, op de Buedem geheit. No weideren Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt de presuméierten Drogendealer méi dacks bei enger bekannter Persoun iwwernuecht, deen do d'Droge lagere géing. Bei enger uschléissender Hausduerchsuchung konnten Drogen, Boergeld, Droge-Geschier a Medikamenter fonnt a saiséiert ginn. Béid Persoune goufe festgeholl an e Sonndegmëtteg virun den Untersuchungsriichter bruecht.
Abréch an Déifställ
De Weekend goufen der Police nees eng Rei Déifställ aus Autoe gemellt. Sou och e Sonndeg am spéide Moien zu Keel, wou d'Täter eng Fënster vum Auto ageschloen haten an eng Täsch matgoe gelooss hunn. Och an der Rue de Bouillon zu Hollerech hu sech Täter Zougang an en Auto verschaaft an hu vun do ënner anerem ee Portmonni geklaut. A béide Fäll goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet.
Nieft Déifställ aus Autoe ass et och e puer Abréch ginn. An der Rue de la Vallée zu Hollerech sinn Täter an der Nuecht op e Sonndeg an eng Wunneng agedrongen, wou si d'Raim duerchwullt hunn an eng Rei Géigestänn matgeholl hunn.D'Sich duerno hat kee Succès. Am Nomëtteg gouf der Police dann nach een Abroch an en Eefamilljenhaus zu Miersch gemellt, wou Täter Géigestänn matgeholl hunn.
D'Police mécht dann nach eemol de Rappell, wéi ee sech preventiv virun Abréch an och virun Déifställ aus Autoe schütze kann.