Regierung bedauert Verhale vun der Spuerkeess no CSSF-Injonctioun vun 2020

© RTL-Archvbild
De Premier Luc Frieden an de Finanzminister Gilles Roth mussen der Chamberfinanzkommissioun e Méindeg Ried an Äntwert stoen.
D'Virementen, déi an der Caritas-Bedruchsaffär iwwert d'Spuerkeess transitéiert sinn, respektiv de Kontroll vun dëse Milliounen-Iwwerweisungen, sinn e Méindeg Sujet op politeschem Niveau. Nodeem eng 5-Milliounen-Euro-Strof vun der CSSF géint d'Spuerkeess public ginn ass, deplacéiere sech de Premier Frieden an de Finanzminister Gilles Roth an d'Chamberfinanzkommissioun, fir den Deputéierte Ried an Äntwert ze stoen.
D'Spuerkeess hat ewell viru fënnef Joer e Courrier vun der CSSF kritt, wou eng Partie kloer Mesuren dra waren, déi ënner anerem um Niveau vum Filtere vun Transaktiounen an dem Kontroll vun der Vollstännegkeet vun Informatioune bei Payementer sollten ëmgesat ginn. Datt et elo weider strukturell Mängel gëtt, wat d'Iwwerwaache vun Transaktioune bei der Spuerkeess ugeet an d'Bank eng nei administrativ Strof krut, bedauert d'Regierung ausdrécklech.
Dat schreift de Finanzminister an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Tom Weidig.
Bei der Spuerkeess gëtt bis November mat enger internationaler Beroderfirma e Plang ausgeschafft, fir d'Qualitéit am Domaine vu Blanchiment an der Lutte géint Terrorissem ze verbesseren.