Eng Famill mat véier Kanner aus Algerien riskéiert um Enn vum Mount, op der Strooss ze sëtzen.

Den Okaju huet sech fir si agesat. Ma d'Moyene si limitéiert.

Ombudsman iwwer Refugiésfamill / Reportage Diana Hoffmann

Nach bis Enn September huet d'Famill Zäit. Da muss si d'Land verloossen. Dat nodeems eng ganz Partie Moyenen, fir Recourse géint dës Decisioun virzegoen, epuiséiert sinn. Fir, dass d'Famill ee Mount méi laang kéint am Land bleiwen, huet sech den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (Okaju) agesat. Dëse Mount geet d'Schoul nees un. Dat heescht, d'Kanner tëscht 10 a 16 Joer wäerte méiglecherweis fir kuerz Zäit nach eng Kéier ageschoult ginn, ier si dann endgülteg mussen an hiert Heemechtsland Algerien zeréck.
 
Den Ombudsman Charel Schmit betount direkt vun Ufank un, dass hien der Press näischt zu spezielle Fäll kéint soen. All Fall wier ënnerschiddlech. Mee et géing een déi verschidde Situatioune kennen, déi Familljen aus Drëttlänner dacks géingen duerchmaachen. Haaptaufgab vum Okaju wier et dofir ze suergen, dass d'Kannerrechter hei am Land fir all Kand respektéiert ginn. 
 
Fir d'Familljen, déi an enger Asyl-Prozedur sinn, géing ee sech dann op ënnerschiddlech Manéieren asetzen. Deels wieren, trotz engem Refus, net all d'Prozeduren, déi Refugiéë kënnen duerchlafen, direkt epuiséiert. Soulaang wéi dat net de Fall wier, misst d'Famill an hirem gewinnten Ëmfeld am Land kënne bleiwen. Och sinn dem Okaju Fäll bekannt, wou Familljen oder Jugendlecher géingen am Wanter op der Strooss landen, respektiv sech géingen an der Wanteraktioun erëmfannen. Hei wënscht den Okaju sech eng besser Koordinatioun vun den Administratiounen. Et wier da just an eenzele Fäll, wou den Okaju géing eng Recommandatioun formuléieren, dass en Dossier soll nei evaluéiert ginn. Ma et wier ee kee Riichter, betount de Charel Schmit. 
 
Mat de concernéierte Mënsche géing een eng kloer Sprooch schwätzen. "Mir maache kengem falsch Hoffnungen", präziséiert hei den Ombudsman. Et géing ee si encouragéieren, mat der Direction de l'immigration, dem Office national de l'accueil (ONA) an der Maison de Retour zesummenzeschaffen. Dat, fir op fräiwëlleger Basis, hire Retour z'organiséieren. Dacks wier dëst dat bescht fir d'Zukunft vun de Kanner. Et misst een awer verstoen, dass d'Mënschen um Enn vun hirer Prozedur sech heefeg nach wéilten un all Stréihallem klameren. Et wier fir si eng verzweiwelt Situatioun. 

E Wee an d'Illegalitéit mat ville Komplikatiounen

Verschidde Famillje géingen, no engem Refus vun hirer Asyldemande, d'Decisioun huelen, ënnerzedauchen. Egal, ob d'Eltere legal am Land sinn oder net, bleift fir d'Kanner e Recht op Bildung bestoen. Doriwwer eraus kënnt et awer zu anere Schwieregkeeten. "Wann d'Kanner 18 Joer al ginn a wëlle studéieren, hu si zum Beispill Schwieregkeeten, fir eng Bourse ze kréien oder sech op enger Uni anzeschreiwen", erkläert de Charel Schmit. Reegelméisseg géing den Okaju ëmmer nach mussen a Gemengen intervenéieren, fir an Erënnerung ze ruffen, dass, egal, wat de Statut vun den Elteren ass, d'Kanner missten an d'Schoul goen. Och d'Recht op en Iessen an der Kantin misst fir d'Kanner garantéiert bleiwen. 
 
Vun deem Ament un, wou eng Famill ausgewise gouf, verléiert si d'Recht op Sozialleeschtungen. An deem Fall muss si op d'Hëllef vun Organisatiounen, wéi zum Beispill Médecins du monde zréckgräifen. "Bei de Kanner ass et allerdéngs esou, dass d'Kanner, wéi et an der Kannerrechtskonventioun zu der Krankeversécherung steet, medezineschen Traitement musse kréien", erkläert de Charel Schmit. Dëst wier onofhängeg vum Statut vun den Elteren, mee et misst dofir eng Deklaratioun gemaach ginn. 
 
Aktuell liewen 2.000 Kanner a Jugendlecher an de Strukture vum ONA. Dëst mécht bei 8.200 Plazen ongeféier e Véierel aus. Den Ombudsman ënnersträicht, dass et him bewosst wier, dass et den Ament en enormen Opwand wier, fir all d'Strukturen ze geréieren. Genuch Plazen hätt een nämlech net. Besonnesch och, well eng ganz Partie Mënschen, déi eigentlech de Statut vum Refugiée hunn, keng Wunneng géinge fannen. Trotzdeem géing et net goen, dass vill Flüchtlingsheemer net fir Kanner adaptéiert wieren. E besonnescht negatiivt Beispill wier d'Struktur zu Miersch, déi ugangs just sollt provisoresch sinn. "Dat ass mat dat Schlëmmst. Dat sinn total onwürdeg Konditiounen", seet de Charel Schmit, op d'Situatioun fir d'Refugiéeën zu Miersch ugeschwat. Konditiounen, dass eng Famill an engem Zëmmer ënnerbruecht wier ouni Dagesliicht, wat si net kéinten zouspären, dierften net sinn. E Problem wier, dass den ONA sech géing selwer Agrementen ausstellen, ënner anerem doran, wat d'Sécherheet ugeet.