De Militärsatellit gëtt deier, däitlech méi deier ewéi déi 170 Milliounen Euro, déi d'Chamber de 24. Juli 2018 guttgeheescht huet. D'Deputéiert hunn den deemolegen Direkter vun der Defense Patrick Heck an de Beamte Geoffrey Beaudot gefrot, ob nieft dem deemolege Minister och d'Verwaltung iwwer déi zousätzlech Milliounen déi fälleg wären, fir den Satellit ze exploitéieren, Bescheed woussten.
D'Kommissiounssëtzungen si fir d'Press net accessibel. Deemno hei d'Versioun vum ADR-Deputéierte Gast Gibéryen.
"Jo sote si, mir woussten, dass nach e ganze Rateschwanz géif nokommen, an och de Minister. Dat war fir mech déi essentiell Ausso, dass de Minister an der Chamber ass, wou de Rapporter kloer seet ''de Projet kascht 170 Milliounen an et ass alles dran''. An de Minister schwätzt duerno an e seet net, dass eben net alles dran ass, mä e stëmmt dem Rapporter zou. An dat obwuel en deemools wousst, dass nach vill Käschten nokéimen."
Am Gesetztext steet dran, dass de Budget déi 170 Milliounen net depasséieren dierf, dass en en Zäitraum vu 14 Joer couvréiert, an dass d'Suen duerginn, fir de Satellit ze kafen, op Orbit ze schéissen an ze bedreiwen. Se ginn net duer. Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo wëll awer näischt vu Vertusche wëssen. Hie berifft sech op d'Aussoe vun de Beamten.
"Si soen: ''Mir hunn dat net an d'Gesetz dragesat, well et eng Doktrin war, dass nëmmen den Invest an d'Gesetz dra gesat gëtt, an d'Bedreiwungskäschte lafen iwwer den normale Budget. Si hu kee Geheimnis doraus gemaach, dass se woussten, dass nach Käschte géifen nokommen. Si hunn dat guer net niéiert. Zu kengem Zäitpunkt.''
Et wär um Marché vun der Defense Usus, Investissements- a Bedreiwungskäschte getrennt vuneneen unzeginn, esou dës Argumentatioun. Déi den David Wagner vun déi Lénk – ofgesinn dovun, dass si de Projet als eenzeg Partei net matgedroen haten - net gëlle léisst.
"Da komme se elo a si soen quasi ''Dir hätt et jo misse wëssen. Ah nee. Also, et war net verbueden ze soen, dass weider Käschte kéimen. Dat schéngt den Här Schneider am Plenum net gemaach ze hunn. Mir wëlle kengem Beamten e Prozess maachen. Et ass eng politesch Fro an deem Fall."
Dofir gëtt den Etienne Schneider och an d'Chamber invitéiert a wéi et ausgesäit, wäert en déi Invitatioun unhuelen. An den aktuellen Defenseminister François Bausch kämpft dofir, Transparenz an dësen Dossier ze bréngen, ouni sengem Virgänger ze vill op d'Féiss ze trëppelen.
"De Projet ass falsch ageschat ginn, ganz kloer. En ass am Gesamtkäschtepunkt net richteg ageschat gewiescht. Mee vun der Ausriichtung hir ass et e gudde Projet."
De François Bausch geet den 13. Juli zeréck an d'Budgetskontrollkommissioun. Déi Kéier mat den detailléierte Prognose fir d'Käschte vum Satellit vun deemools, an der Rechnung, wat en dann elo tatsächlech wäert kaschten.
De Fazit vun der CSV-Deputéierter Diane Adehm war kloer:
