
D'Covid-Gesetzer, déi an der Lescht fir gréisser Diskussioune gesuergt hunn, waren am fréien Donneschdeg de Mëtteg nees e Sujet an der Santéskommissioun um Krautmaart. D'Deputéiert koumen awer just dozou, de Gesetzprojet 7606 ze diskutéieren. De 7607 gouf dunn op eng zweet Sëtzung méi spéit am Nomëtteg verluecht. De Knackpunkt, nämlech d'Zwangshospitalisatiounen, suergt nach ëmmer fir Onstëmmegkeeten.
Mir ginn eis vill Méi, och wann d'Zäit kuerz ass, fir eng gutt gesetzgeberesch Aarbecht ze maachen an all déi oppe Froen ze klären, sou de President vun der Santéskommissioun, den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo. D'Majoritéit an d'Oppositioun géingen un engem Strang zéien. Et wär een elo zum Beispill manner restriktiv an et géing een d'Fräiheet manner limitéieren: et dierf ee méi Leit doheem invitéieren, zu méi am Restaurant sinn, d'Spillplaze sinn op a sou weider. D'Thema vun den Zwangshospitalisatiounen wär op alle Fall een Seeldanzakt.
„Wann an engem extremen Ausnamefall, wou ee Patient wierklech net wëll déi aner schütze viru senger Krankheet, da musse mer kënnen intervenéieren. Bis elo war et d'Gesetz vun 1980, dat an deem Fall gespillt huet, mä dat ass veraalt. Mir hunn hei eng nei Formule, déi awer op Kritik trëfft. Elo musse mer kucken, ob mer am Avis vum Conseil d'Etat eng gutt Propositioun kréien, déi déi zwou Suerge trëfft, fir net eng Infektiounsbomm dobaussen ze loossen, mä awer d'Rechter vun engem Kranken net ze vill mussen aschränken.“
De Mars di Bartolomeo insistéiert donieft, dass Zwangshospitalisatiounen, déi op engem Gesetz vun 1980 baséieren, just an Ausnamefall géinge spillen. An de leschte 40 Joer wär dat just sechs Mol de Fall gewiescht.
Fir d'Oppositioun wär de Problem op alle Fall nach net geléist, insistéiert den CSV-Deputéierte Claude Wiseler. D'Regierung hätt keng gangbar juristesch Léisung bruecht. Den aktuellen Text kéint een esou net matdroen,
„Sou wéi den Text elo ass, ass en fir eis absolut net acceptabel. Fir eis ass kloer, dass d'Santé e Moyen brauch, wann héich infizéiert Persoune riskéieren, e Gesondheetsproblem no baussen ze stellen. Mä et ass awer grad esou kloer, dass déi Méiglechkeeten, déi den Direkter vun der Santé dann huet, musse proportionéiert sinn. Se mussen och absolut noutwendeg sinn an et däerf keng aner Solutioun sinn a se mussen och déi Méiglechkeete vum Recours hunn, dass déi Leit, déi sech ongerecht betruecht fillen, och kënnen drop reagéieren. Den Text, wéi en elo do steet, dréit deem net Rechnung.“
Den Avis vum Staatsrot soll iwwerdeems een Dënschdeg virleien. D'Majoritéit an d'Oppositioun hoffen, dass do eng Rei juristesch Léisunge wäerte kommen.
A puncto Dateschutz wären eng ganz Rei Korrektioune virgeholl ginn, déi och vun der nationaler Dateschutzkommissioun proposéiert goufen, esou de Mars di Bartolomeo
„Éischtens, wat déi Net-Infizéiert ugeet. Do mussen d'Daten anonymiséiert ginn. An zweetens bei der Konservatiouns-Dauer vun den Date vu kranke Leit. Do gëtt den Delai, wou däerf konservéiert ginn, däitlech erofgesat vun 6 op 3 Méint.“
Den Text hätt awer nach eng ganz Rei technesch Problemer, erkläert den CSV-Deputéierte Claude Wiseler. Zum Beispill wär dat, wat de Premier Minister e Mëttwoch gesot hätt, dass wa manner wéi 20 Leit beienee komme keng Restriktioune gëllen, net am Gesetzestext ze fannen. Donieft wär am Text och ëmmer vun aneren Distanze rieds, eng Kéier 2 Meter, eng Kéier annerhallwe Meter. Do kéint ee sech vläicht op annerhallwe Meter festleeën, wéi an eise Nopeschlänner, sou nach den CSV-Deputéierte Claude Wiseler.
RTL.lu: Mënscherechtskommissioun - Et ass een net zefridde mam Covid-Gesetzesprojet
RTL.lu: Professer Stefan Braum am RTL-Interview - "Zwangshospitalisatioun muss ofgeschaaft ginn oder däerf net an d'Gesetz kommen"