352 Millioune a 4 Méint verschwonnenKeng Erklärung fir Milliounen-Defizit bei Gemengen

Maxime Gillen
De Kampf géint de Coronavirus huet och seng Spuere bei de Staats- a Gemengefinanzen hannerlooss.

Allerdéngs gëtt et déi eng oder aner Ongereimtheet, déi och de Conseil national des finances publiques sech net erkläre kann. E Freideg de Moien huet de Conseil seng Analys an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert.

Gemengefinanzen / Reportage Maxime Gillen

E gréissert Fragezeiche gëtt et a puncto Gemengefinanzen. Am Budget, deen Enn lescht Joer gestëmmt gouf, hätt een nach mat engem Excedent vun 340 Milliounen Euro gerechent, wärend am Stabilitéitsplang e puer Méint méi spéit en Defizit verbucht ass, wéi den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement, erkläert.

„Scho virun der Corona-Kris si mer do bemol op ongekläerten Aart a Weis an ouni Erklärungen och op Nofro hin op en Defizit vun 12 Millioune gaangen. Dat heescht, iergendwou sinn 352 Millioune vun Dezember bis Mäerz verschwonnen. Firwat do aus engem Benefice eng Perte ginn ass, konnt bis elo nach keen erklären.“

Nach méi e massiven Abroch gëtt et bei der Sozialversécherung. Eng Situatioun, déi een dem CSV-Deputéierte Gilles Roth no misst am A behalen.

„Um Niveau vun de Sozialversécherungen hu mer en Abroch vun 2019 op 2020 vun iwwert enger Milliard Euro. Dat ass enorm. An deen Abroch, dee wäert och net vun engem Joer op dat anert, dat heescht op 2021, erëm op eng Milliard an d'Luucht goen am positive Sënn. Firwat? Ma well mer e Réckgang hunn um Niveau vun der Beschäftegung, dass de Chômage an d'Luucht geet. A wa mer manner Beschäftegung hunn, da kommen natierlech och manner Suen eran, fir d'Pensiounssystemer a fir d'Sozialversécherungen. Dat bréngt natierlech direkt e gréissert d'Lach mat.“

Dem Statec no kéint ee fir 2020 mat engem Minus vu 6 Prozent beim PIB rechnen, ma gläichzäiteg op eng Relance vu 7 Prozent dat Joer drop hoffen. Méi pessimistesch Zenarie schwätzen dogéint esouguer vun engem Abroch vun 12 Prozent beim PIB. Ma egal wéi hänkt d'Relance och zum groussen Deel vun der Demande am Grand-Duché selwer of, wéi den DP-Deputéierten André Bauler erkläert.

„International Organisme wéi den FMI, OCDE an déi Europäesch Unioun, déi gesinn d'Reprise 2021 éischter bedéngt duerch eis Inlandsdemanden, also och duerch d'Kafverhale vun de Leit. Et ass och no hirer Estimatioun d'Consommatioun interieure, d'Consommatioun vun de Stéit, op déi et bei der Reprise ukënnt.“

D'Deputéierte vun der Chamberkommissioun hunn iwwerdeems festgehalen, dass d'Inneministesch Taina Bofferding an de Finanzminister Pierre Gramegna hir nach eng Rei Explikatiounen zu de Gemengefinanze misste liwweren, genau wéi doriwwer, wéi si plangen, den aktuellen Defizit déi nächst Joren ofzebauen.

Duerch d'finanziell Krisemesurë vun der Regierung ginn déi ursprénglech mëttelfristeg budgetär Ziler verfeelt. Dowéinst recommandéiert de « Conseil national des Finances Publiques », datt d'Regierung pluriannuell Previsioune soll ausschaffen. Sou kéint ee gesinn, ob a wéi wäit den Equiliber vun de Staatsfinanzen a Fro gestallt ass. A senger Evaluatioun vun de Staatsfinanzen, déi se am Zesummenhang mam europäesche Stabilitéits- a Wuesstemspakt mécht, recommandéiert de CNFP och ënnert anerem, datt d'Regierung eng „Etude de sensibilité" mécht, fir de budgetären Impakt vu verschiddenen Zenarien z'evaluéieren. A puncto Impakt vun der Kris misst d'Regierung och den Impakt op déi nächst Jore präziséieren.

PDF: Communiqué CNFP (15.6.2020)

Back to Top
CIM LOGO