
D'Mesuren, déi an den Texter stinn, wieren nämlech disproportionéiert. Et wieren deels staark Agrëffer an d'Fräiheete vun de Leit, zm Beispill wéi a wéi vill Persounen een doheem däerf empfänken.
Dës streng Mesurë wieren an der aktueller sanitärer Situatioun guer net néideg, mengt den CSV-Deputéierten.
Och d'Zwangshopitalisatiounen stéiere Staatsrot an Oppositioun. Hei fuerdert d'CSV Appell-Méiglechkeete fir déi Concernéiert. D'CSV huet domadder gedreet, d'Gesetzer net matzestëmmen.
De 24. Juni leeft den Etat de crise of. Den Zäitdrock ass also grouss. Dorunner wier d'Regierung awer selwer Schold, well se ëmmer nees inakzeptabel Texter proposéiert hätt. D'Oppositioun géif awer nach ëmmer gäre produktiv matschaffen, sou de Claude Wiseler.
Staatsrot: Zwangshospitaliséierung: Bedenken, mä keng Opposition formelle
RTL-Artikel: Um Mëttwoch: Covid-19-Gesetzesprojete vu Chamberkommissioune guttgeheescht