Lëtzebuerg op Plaz 3 an der EUJugendchômage hei am Land am Abrëll op bal 25%

RTL Lëtzebuerg
De Jugendchômage ass am Abrëll hei zu Lëtzebuerg explodéiert a läit op 24,7%, am Mäerz louch den Taux nach bei 20,5%.

E Rekordhéich, schreift "Youth & Work", eng Lëtzebuerger Société d’impact sociétal am Beräich vun der Ausbildung a Berodung.

Effektiv liest een an de Statistike vun Eurostat, datt de Chômage vu Jugendlecher tëscht 16 a 25 Joer, vun 20,5 % am Mäerz op 24,7 % geklommen ass. De Jugendchômage hei am Land léich domadder op 3. Plaz an der EU, just hanner Spuenien a Griicheland.

D’Corona-Wirtschaftskris trëfft besonnesch Jonker ouni Beruffserfarung oder ouni Schoulofschloss, sou Youth & Work. Et wier een erschreckt, datt net ëffentlech doriwwer diskutéiert gëtt. Zanter Mäerz, also zanter der Covid-19-Pandemie, wier ee quasi iwwerrannt ginn.

Wien elo als Jugendleche keng Aarbecht huet, huet et schwéier, eng nei Plaz ze fannen oder riskéiert Ënnerbriechungen a senger Léier, och d'Aarmut bei de Jugendleche géif zouhuelen, sou ee vun de Coache bei "Youth & Work", de Christof Grozinger. Hie betount, dass jonk Mënschen, déi wärend enger Rezessioun probéiere sech an der Beruffswelt z'etabléieren, op laang Siicht méi schlecht Chancen um Aarbechtsmaart hunn.

Et wier dréngend noutwenneg, dass sämtlech politesch an ëffentlech Acteuren sou séier wéi méiglech strukturell Ännerungen a kuerzfristeg Moossnamen decidéieren an ëmsetzen.

PDF: Schreiwes vun

Back to Top
CIM LOGO