De Gesondheetsministère huet déi néideg Autorisatiounen dozou ginn, op Recommandatioun hi vun der "Commission permanente pour le secteur hospitalier".

06/07/2020 Statslabo

Mat Freed an Houfert hunn e Méindeg 3 Responsabeler vum Diddelenger LNS matgedeelt, dass de Staatslabo d'Autorisatioun krut, fir seng zwee diagnostesch Zenteren an der Genetik an an der Pathologie weider kënnen ze bedreiwen.

2018 waren deenen hir Mandater nach op zwee Joer limitéiert ginn; elo gouf et fir alle béid eng Verlängerung vu 4 Joer.

Soudass dem Direkter vum „Laboratoire national de santé“, Prof Dr Friedrich Mühlschlegel, no den LNS eben och an den nächste 4 Joer zwee Zenteren,...: „das NCG und das NCP, weiter betreiben wird, weil die hierzu notwendigen Genehmigungen jetzt vom Gesundheitsministerium erteilt wurden.“

De Ministère koum dofir enger Recommandatioun vun der „Commission permanente pour le secteur hospitalier” no.

Wat den nationale Genetikzenter ugeet, wär dës weider Autorisatioun eng wichteg Confirmatioun vu sengem Konzept. D'Responsabel Dr. Barbara Klink huet betount, dass d'Personal an der Tëschenzäit verduebelt gouf, d'Aktivitéit sech awer - wann een 2019 mat 2017 vergläicht - verdräifacht huet! Et géif een déi komplett diagnostesch Bandbreet zur Verfügung stellen:„Das heißt von der klassischen Zytogenetik, also von Chromosomenanalysen, über moderne Sequenzierung bis hin zu next generation sequencing!“

Nieft pre- a postnatalen Analysen an der Tumeurdiagnostik. Fir d'Dr Klink ass et vu Virdeel, d'Pathologie am Haus ze hunn, a muss hiren Zenter weider wuessen, spréch rekrutéieren, awer och forméieren.

Den nationale Pathologiezenter dann huet 2016 nach ronn 40% vun den Analysen am Ausland maache gelooss. Annerhalleft Joer drop war dat schonn net méi wouer, sou de Responsabelen, Prof Dr. Michel Mittelbronn: „Das heißt, wir haben 20.000 Proben wieder in Luxemburg angegliedert, plus einen Zuwachs an Patienten, und ich bin sehr, sehr glücklich, dieses Team leiten zu dürfen!“

Zejoert huet ee bal 200.000 Patiente gezielt, dat bei enger Ekipp vu just 16 Pathologen. An den Ae vum Prof Dr. Mittelbronn ass een nach drop ugewisen, fir Dokteren z'importéieren; dat soll sech awer an Zukunft änneren!

Um Enn géif et un der CNS scheiteren, dass net méi Personal do ass: Dat sot de Prof Dr. Friedrich Mühlschlegel, Direkter vum „Laboratoire national de santé“.  Virum Hannergrond vun enger ëmmer méi grousser Patientenzuel an enger net befriddegender Personalentwécklung wär et zwar schéin, dass déi entspriechend Autorisatioune elo koumen...: „Nichtsdestotrotz - ich denke, auch das ist ganz klar geworden - gibt es da Herausforderungen! Es war an der Zeit, diese Zentren zu etablieren: Jetzt müssen wir sehen, dass wir wirklich sie weiter fit für die Zukunft aufstellen. Und dazu gehören Initiativen wie die Ausbildung von Ärzten, hier, Facharztausbildung am LNS, und die Integration in Forschung und Lehre gehören dazu, um dieses diagnostische Zentrum, um dieses LNS weiter zu entwickeln, damit die weiter das leisten können, was sie da gesehen haben!“

Och d'Responsabel vun den zwee Zenteren hunn ervirgehuewen, dass een d'Hallschent vum Personal hätt, dat u sech néideg wär!

Zu aktuelle COVID-Entwécklungen da sot den LNS-Direkter, dass Cluster-Teste vernënfteg an Eegentester ëmmer méi verbreet wären: „Testen, klar, muss, ich denk', weiter gehen, und gutes Tracing. Dann, ja, die Impfung, wird spannend, was das eigentlich bedeutet. Wird's Immunität wirklich geben?“

De Staatslabo, dee virun allem aktiv war bei den Tester an Alters- a Fleegeheemer, géif weider testen, an zwar fir Spideeler a fir d'Inspection sanitaire, sou de Prof Dr. Mühlschlegel.

Wat Autopsien a COVID-Zäiten ugeet, wären därer keng ugefrot ginn, sot de Prof Dr. Michel Mittelbronn, Responsabel vum nationale Pathologiezenter. D'Bereetschaft wär do gewiescht, mä et hätt een d'Risike fir d'Personal missen ofweien. Am Fall vun eelere Leit wären Obduktiounen net ubruecht gewiescht, wougéint ee beim Doud vun engem Kand natierlech do gewiescht wär!

LNS: Spëtzenausbildung soll garantéiert ginn
Mat dem Material, dat een am LNS huet, wier een aktuell e Spëtzenzentrum.

© Lynn Cruchten / RTL