
D‘Lëtzebuerger Regierung wëll bei der Kënschtlecher Intelligenz “eng Nues virun deenen anere sinn”, sot de Premier Luc Frieden op der Pressekonferenz fir de Lancement vun der nationaler Campagne iwwer d‘Kënschtlech Intelligenz „AI4LUX“. Gemengt ass d‘Partenariat mat der KI-Start-Up Mistral AI. D‘franséisch Entreprise gouf eréischt 2023 gegrënnt a Lëtzebuerg ass den éischten staatleche Client.
Fir den Zuch net ze verpassen, ass de Premier Luc Frieden deemno e gewëssene Risiko agaangen:
“Jo, mir sinn e Pionéier an dësem Dossier. Mir versichen, dat an enger europäescher Dimensioun ze maachen. Dass mir deen éischte sinn, erfëllt eis éischter mat Stolz, ewéi dass mir eis als „Versuchskaninchen“ fillen. Ma heiansdo muss een dat maachen, wann ee wëll eng Nues virun deenen anere sinn.”
Elo géif Lëtzebuerg am TGV sëtzen, seet de Premier um 3. Stack vun der moderner Bibliothéik vun der Uni um Belval houfreg an de Mikro. Verstëbst wëll een net wierken nieft engem vun de bekanntsten Gesiichter am europäesche KI-Kosmos. De schlaaksegen Arthur Mensch, eréischt 33 Joer al, krut den Optrag mat senger jonker Firma Lëtzebuerger Staat a Gesellschaft an den Zäitalter vun der KI ze begleeden.
“Mir bréngen eis personaliséiert Technologien fir d‘Beamten a fir d‘Administratiounen. D‘Fonctionnairen kréien en Chatbot un deen si Tâche kënnen delegéieren. Dat via en Interface, fir eben mat der KI ze schwätzen.“
Konkret Projete sinn iwwerdeems de Projet Skills, fir den Aarbechtsmaart ënner d‘Lupp ze huelen, een am Beräich Klimawandel a Meteo, an een am Gesondheetswiesen, bei deem d‘KI den Dokteren en Deel administrativ Tâchen kann ofhuelen. A weider Arthur Mensch:
“Mir schaffen och mat der Uni.lu zesummen, fir ebe Wëssen weider ze ginn. Och u Studenten. A mir schaffen och nach bei der Defense zesummen, am Beräich Cyber.“
D‘Partenariat mat Mistral AI geet iwwer dräi Joer mat der Optioun op fënnef Joer ze verlängeren. D‘Regierung leet 40 Milliounen Euro dofir op den Dësch. E finanziellen Retour erwaart ee sech dovun net, esou de Premier.
“Ech mengen net, dass de Präis hei wesentlech ass. Et geet drëms, dass Bierger kënnen op AI zeréckgräifen. Fir mech ass et wirtschaftlech a soziale Fortschrëtt. Deen ass do, an dee musse mir begleeden. Dat ass eist Zil fir d‘Liewensqualitéit, déi hei am Land schaffen ze verbesseren.”
Dat delikat bei all KI-baséierten Outilen sinn d‘Donnéeën. A wat déi uginn, huet déi franséisch Start-Up e Virdeel géintiwwer den US-amerikaneschen KI-Giganten, argumentéiert de CEO Arthur Mensch.
“Mir setzen eis Technologie op d‘Infrastruktur vum Client. Dat kënne mir. Am Kontrakt mat Lëtzebuerg ass festgehalen, dass eis Technologie op de Lëtzebuerger Serveuren wäert lafen. Lëtzebuerg wäert d‘Kontroll hunn. Fir eis ass dat wichteg, dass dat op eiser Daten-Struktur ass. Et kann een also och confidentiel Donnéeën op der Plattform hunn, déi de Staat betreffen. Et ass alles bei eis. Et ass en europäesche Projet mat enger Lëtzebuerger Touche.“
Esou de Premier- a Medieminister. Maskottchen ass iwwregens eng kleng Roboter-änlech Kreatur, déi LUMI gedeeft gouf, wat fir Liicht an Innovatioun géing stoen. En Donneschden an enger Woch gesinn d‘Sozialpartner sech fir iwwer den Impakt op eis Gesellschaft vun der Kënschtlecher Intelligenz ze diskutéieren. Dat am Tripartite-Format, ewéi de Premierminister Luc Frieden och op der Pressekonferenz fir de Lancement vun der nationaler Campagne iwwer d‘Kënschtlech Intelligenz “AI4LUX” sot.