Op der Pressekonferenz vum Xavier Bettel a Paulette Lenert war et e Mëttwoch d'Annonce, dass d'Neiinfektiounen elo de Kantonen no matgedeelt ginn.

An den nächsten Deeg ginn d'Infektiounszuele pro Kantonen opgeschlësselt an d'Buergermeeschter ginn alertéiert, wann an hire Gemengen d'Infektiounszuelen eropginn.

Op leschte Sonndeg war et de Stand, dass et mat méi wéi 15 Infektiounen op 10.000 Leit déi meescht am Kanton Esch/Uelzecht gouf, mat 329 neie Fäll bannent 3 Wochen. Duerno kommen d'Stad Lëtzebuerg an d'Kantonen Dikrech, Miersch a Wolz mat iwwer 11 Fäll op 10.000 Awunner.