Paperjam-ArtikelDossier Fage: 53 Millioune fir fiktiv Consultanten?

Tim Morizet
2012 huet de griichesche Joghurtsproduzent sech hei am Land installéiert.
© AFP

Zanterdeems géif d'Entreprise, hirem Joresrapport no, zwou Berodungsfirme fir all Kéier 300.000 US-Dollar de Mount engagéieren, bei deenen awer iwwerhaapt kee géif schaffen. Dat schreift um Freiden de Business-Magasin Paperjam.

De Joresrapporte vun deenen 2 Entreprisen no, Theta Phi an Alpha Phi, hätt nämlech zanter hirer Immatrikulatioun zu Lëtzebuerg 2012 ni eng Persoun geschafft.

Eng bizare Situatioun, déi awer nach méi interessant géif ginn, wann ee sech ukucke géing, wien hannert de Berodungsfirme stécht, esou Paperjam. D'Entreprise Theta Phi hätt als eenzegen Aktionär eng lëtzebuergesch Societéit mam Numm Kappa Alpha Phi, Alpha Phi eng aner lëtzebuergesch Societéit, Iota Alpha Phi.

An dës Societéiten hätten dee selwechte Referenz-Aktionär, déi am US-amerikaneschen Delaware baséiert Iota Kappa, an de selwechten Dirigent: den Athanassios-Kyros Kyriakos Filippou, Generaldirekter vu Fage.

Den ADR Deputéierten an Ex-Affekot Roy Reding schreift op Facebook: „Do kritt de Parquet uerdentlech Aarbecht mengen ech“.

Op Nofro bei Fage sëlwer war kee fir eng Stellungnahm disponibel. Déi responsabel Persoun fir d'Kommunikatioun wéilt iwwerdeems fir den Ament onbekannt bleiwen an zu engem méi spéiden Zäitpunkt reagéieren. Lëtzebuerger Finanzexperte warnen den Ament awer virun ze haarder Kritik par Rapport zu Fage. Am Fall vun den Consultatiounsfraisen vun der Firma géifen nach ze vill Detailer feelen.

Fage huet 2012 säi Sëtz op Lëtzebuerg transferéiert, iwwerdeems de griichesche Staat vun der Faillite menacéiert war, wuel fir sech e Standbeen an der EU ze sécheren. D'Fabrick, déi se tëscht Beetebuerg an Diddeleng wëll bauen, ass ëmstridden, virun allem wéinst dem Impakt op d'Ëmwelt.

RTL: "Fage hätt keng Faveure kritt, esou de Wirtschaftsminister"
RTL: "Fage: Wéi geet et weider?"

Back to Top
CIM LOGO